Net wäit vun der indonesescher Insel Bali ass an der Nuecht op en Donneschdeg eng Fär ënnergaangen. Op d'mannst 4 Persoune koumen dobäi ëm d'Liewen.

23 Leit konnte gerett ginn, wéi et vun der lokaler Police heescht. Eng grouss Sichaktioun gouf lancéiert, fir déi vill Vermëssten ze fannen. Wéi vill vun de vermëssten 38 Passagéier nach lieweg kënne fonnt ginn, ass ongewëss. 65 Persoune stoungen op der Passagéierlëscht vum Schëff "KMP Tunu Pratama Jaya", dorënner och 12 Crewmemberen.

Um Wee op d'Insel Java ass d'Schëff du géint 23.20 Auer Lokalzäit ënnergaangen, 25 Minutten nom Depart. Nieft de Passagéier waren och 22 Gefierer, dorënner 14 Camione mat u Bord.

Véier Iwwerliewender konnte sech mat Hëllef vu Rettungsbooter vun der Fär retten. Iwwer 50 Secouristen, Police a Marinn waren un der direkt lancéierter Sichaktioun bedeelegt. Déi ganz Aktioun wier net liicht gewiescht, wéi de Rettungsservice zougëtt. Bis zu 2,5 Meter héich Welle souwéi "staark Loft a staark Stréimungen" hätten de Rettungsasaz immens schwéier gemaach.

Als Ursaach gëtt och elo mol dat schlecht Wieder vermutt. Ma et gëtt och nach iwwerpréift, ob net ze vill Persounen u Bord waren, wéi der op der Passagéierlëscht stoungen. Dëst ass an Indonesien dacks de Fall.

Ob Auslänner respektiv Touristen op der Fär waren, ass net gewosst.

Am Mäerz war e Boot mat 16 Persounen u Bord viru Bali gekentert. Dobäi ass eng Australierin ëmkomm. 2018 ware méi wéi 150 Mënschen erdronk, wéi eng Fär an engem vun den déifste Séie vun der Welt op der Insel Sumatra ënnergaangen ass.