Den Objet ass wéi et schéngt eng 10 bis 20 Kilometer breet a kënnt der Sonn ëmmer méi no.

Et kéint knapp an d'Ëmlafbunn vum Mars erakommen.

Den Objet "3I/Atlas géif" keng Gefor fir d'Äerd duerstellen. Et wier awer ze fréi, fir ze wëssen, ob et ee Asteroid oder en äisege Komeet ass. Fest géing stoen, datt en zimmlech séier ënnerwee ass.

Esou Objete ginn e raren Abléck an d'Liewenskonditioune baussent dem Sonnesystem. Wann Aminosaieren dorobber entdeckt géinge ginn, da wier dat een Hiweis op d'Méiglech vu Liewen.