Éisträich expulséiert verurteelten Täter a Syrien

© AFP
Als éischt EU-Land zanter Joren huet Éisträich en Donneschdeg e verurteelten Täter a Syrien expulséiert.
D'Expulsioun wier "Deel vun enger haarder an domat gerechter Asylpolitik", huet den Inneminister Gerhard Karner vun der konservativer Regierungspartei ÖVP erkläert. De Cabinet géing de Wee, verurteelt Täter aus dem Land ze bréngen, och am Fall vu Syrien "mat haarder Aarbecht an Nodrock weiderféieren".
Fir Éisträich ass et dem Inneministère no déi éischt Expulsioun a Syrien zanter 15 Joer. D'Land wier domat ausschlaggeebend an Europa, heescht et vum Ministère zu Wien.
Der Noriichtenagence APA no war d'Expulsioun schonn d'lescht Woch geplangt, awer wéinst der Fermeture vum syresche Loftraum wéinst der Eskalatioun tëscht Israel an dem Iran ofgesot ginn. En Donneschdeg am Nomëtteg wéilt de Karner an engem Statement um Fluchhafe Wien-Schwechat méi Detailer zum Virfall nennen.
Weider heescht et vum Inneministère, datt zanter dem Enn vum Assad-Regimm den 8. Dezember 2024 eng 350 Syrer aus Éisträich fräiwëlleg zréck an hir Heemecht gereest sinn. An Éisträich liewen aktuell eng 100.000 Syrer.