Russland erkennt afghanesch Taliban-Regierung un

© Afghanistan's Ministry of Foreign Affairs/AFP/-
Wéi den afghaneschen Ausseminister Amir Muttaki an engem Video um Kuerznoriichtendéngscht X matgedeelt, huet Russland d'Taliban-Regierung unerkannt.
D'Regierung a Moskau ass domadder déi éischt weltwäit, déi den islamistesche Regime an Afghanistan zanter senger Muechtiwwernam am August 2021 unerkannt huet. Russland war iwwerdeems och dat éischt Land, dat zanterhier e Konsulat an der Haaptstad Kabul opgemaach huet.
"Dës couragéis Entscheedung wäert e Beispill fir anerer sinn", esou de Muttaki a sengem Video, nodeems hie sech mam russeschen Ambassadeur Dmitri Schirnow getraff huet. "Russland ass dat éischt Land, dat dat islamescht Emirat offiziell unerkannt huet", sot de Spriecher vum afghaneschen Ausseministère Sia Ahmed Takal géigeniwwer der Noriichtenagence AFP. Rieds goung säitens vum Ausseministère och vun enger "neier Phas vu positive Bezéiungen, géigesäitegem Respekt a konstruktivem Engagement".
Och de russeschen Ausseministère huet d'Unerkennung confirméiert. Op X heescht et: "Mir mengen, datt den Akt vun der offizieller Unerkennung vum Islameschen Emirat Afghanistan d'Entwécklung vun enger produktiver, bilateraler Zesummenaarbecht tëschent eise Länner a verschiddene Beräicher fërdere wäert". Dobäi gouf besonnesch eng méiglech wirtschaftlech Kooperatioun an de Beräicher Energie, Transport, Landwirtschaft an Infrastruktur ervirgehuewen. Och wéilt ee Kabul weiderhi bei der "Stäerkung vun der regionaler Sécherheet an der Bekämpfung vun de Menacen duerch Terrorismus an Drogenhandel" ënnerstëtzen, sou nach den Ausseministère.
Béid Regierunge si sech rezent ëmmer méi no komm. De Kreml hat en éischte Schrëtt a Richtung Normaliséierung vun de Relatioune gemaach, andeems een d'Taliban vun der Lëscht vun den Terrororganisatioune gestrach huet. Och hat Russland annoncéiert, et wéilt een Afghanistan als Transitkräiz fir Gasliwwerungen a Südostasien notzen.