E Freideg den Owend koum et op Mallorca zu engem Virfall um Fluchhafen. De Feieralarm war an engem Fliger ausgebrach.

Op Biller, déi op soziale Netzwierker zirkuléieren, ass ze gesinn, wéi d'Passagéier an der Maschinn aus dem Fliger flüchten an iwwer de Flillek op de Buedem sprangen. Wéi et heescht, goufen 6* Persoune liicht verwonnt a koumen an d'Spidol.

Méi spéit am Dag koumen dunn éischt Detailer. Et soll sech ëm e falschen Alarm gehandelt hunn. D'Leit u Bord vun der Maschinn wiere bei d'Noutausgäng geschéckt ginn. Dat Ganzt wier roueg ofgelaf, ma e puer Leit wieren um Enn awer a Panik geroden a wieren eben erofgesprongen.

Wisou den Feieralarm ugaangen ass, gëtt ermëttelt. D'Maschinn sollt a Richtung Manchester starten, wéi et zum Virfall koum.

*Am Ufank hu verschidde Medie vun 18 Blesséierte geschwat. Dës Zuel konnt no ënne revidéiert ginn.