Op d'mannst 27 Doudeger no akuten Iwwerschwemmungen an Texas

© AFP
Am US-Bundesstaat Texas sinn op d'mannst 27 Persounen ëm d'Liewe komm, wéi de Floss Guadalupe op eemol massiv geklommen ass an der Nuecht.
Et kéint een zu dësem Zäitpunkt net soen, ob d'Zuel vun den Doudesaffer nach klamme wäert, sou de Sheriff vun der Regioun Kerr, de Larry Leitha. D'Sich no 20 vermësste Meedercher, déi op engem Summercamp beim Floss Guadeloupe waren, geet iwwerdeems weider. Et kéint sinn, dass si wärend den Iwwerschwemmungen op Beem geklotert sinn.
Ënnert de schonn identifizéierten Affer wieren och Kanner.
De stellvertriedende Gouverneur vun Texas, den Dan Patrick, sot, dass de Peegel vum Floss Guadalupe an der Nuecht bannent just 45 Minutten ëm 8 Meter geklommen ass.
Ronn 500 Rettungsekippe a 14 Helikoptere ware am Asaz an och d'Nationalgarde vun Texas an d'Garde-côte waren un der Sich bedeelegt. Et gëtt iwwerdeems virun enger weiderer Flutwell gewarnt. De Verwaltungschef vum Landkrees, de Rob Kelly, huet erkläert, esou Iwwerschwemmunge wieren net onüblech an der Géigend, ma dës wiere besonnesch schro an déidlech gewiescht, D'Géigend ass bekannt als geféierlechst Flossdall an den USA, déi hei koum awer komplett onerwaart.
Scho Mëtt Juni war et zu akuten Iwwerschwemmungen südëstlech vu Kerr zu San Antonio komm. Do waren op d'mannst 10 Persounen ëm d'Liewe komm.