Annonce op X
"America Party": Den Elon Musk wëll eege Partei grënnen

Den Tech-Milliardär wëll eng eege Partei mam Numm "America Party" grënnen. Déi Iddi géing um Samschdeg Realitéit ginn.
Dat sot de fréiere Beroder vum US-President Trump, mat deem hien elo wéinst der "Big Beautiful Bill"zerstridden ass, op senger Plattform X. Um Freideg war Independence Day an den USA. De Musk hat eng Ëmfro gemaach. D'America Party géing de Leit elo "hir Fräiheet zréckginn": " Mir liewen an engem Eng-Parteie-System, net an enger Demokratie."
Am meeschte gelies