Kënnt d’Wafferou am Gazakrich?

Den Donald Trump an de Benjamin Netanjahu zu Washington am Abrëll 2025. / © Photo by Brendan SMIALOWSKI / AFP
Den israeelesche Premier ass op Visitt beim Donald Trump zu Washington, wou allebéid drop hoffen, eng Wafferou mat der Hamas kënnen ze finaliséieren.
Den israeelesche Premier Netanjahu ass e Méindeg op Visitt zu Washington. Fir Owes 18.30 Auer Lokalzäit ass e Rendez-vous mam US-President Trump am Wäissen Haus ugesat.
Deen huet sech Sonndeg scho ganz optimistesch gewisen, dass et nach dës Woch zu enger Wafferou tëscht Israel an der Hamas komme kéint, an och den israeelesche Premier hat virun der Rees verlaude gelooss, hie géif hoffen, dass een dat Resultat erreecht, wat sech jidderee wënscht.
Et ass ewell déi drëtt Visitt fir den Netanjahu zu Washington an de sechs Méint zanterdeem den Trump nees President ass. Iwwerdeems sinn zu Doha am Katar nees Delegatioune beieneen, fir d'Konditioune vun enger Wafferou auszehandelen.
Aus Verhandlungskreesser heescht et, d’Propos geséich eng Wafferou vu 60 Deeg vir. D’Hamas soll 10 nach lieweg Geisele fräiloossen, an och Läiche vu Verstuerwene fräiginn.
Et geet een dervun aus, dass nach 49 Persoune vun der Hamas festgehale ginn, dovu sollen der ongeféier 20 nach liewen. Am Echange géint d’Geisele misst Israel dann nees palästinensesch Prisonéier fräiloossen.
E Samschde soll d’Hamas nach Ännerungen un där Propose gefuerdert hunn, dobäi géing et em de Réckzuch vun den israeeleschen Truppen aus der Gazasträif, e Stopp vun den Hostilitéiten och no de 60 Deeg an dass d’humanitär Hëllef vun der UNO nees opgeholl géif.
Den israeelesche Premier hat awer ewell reagéiert a gesot, hien hätt kloer Instruktiounen un d’Delegatioun ginn: den Accord zu deene vun Israel acceptéierte Konditiounen auszehandelen.
Den Netanjahu hätt dräi Ziler: all d’Geiselen heem ze bréngen, d’Administratioun vun der Hamas auszeschalten an d’Terrororganisatioun aus der Gazasträif ze verdreiwen an drëttens dierft d’Gazasträif keng Menace méi fir Israel sinn.
Observateuren: Netanjahu kéint op Zäit spillen
Israeelesch Observateure ginn dervun aus, dass den Netanjahu op Zäit spillt, fir seng fragil Koalitioun oprecht ze erhalen: Déi rietsextrem Partner hu gedreet, d’Regierung ze verloossen, wann et ze vill Zougeständnesser un d’Hamas géif.
Deemno géif den Netanjahu probéieren, seng Positioun en vue vun de Walen 2026 ze stäerken, och wa seng Partei no der Attack op den Iran virun zwou Wochen nees e Plus an de Sondage verzeechne konnt. Donieft leeft géint den israeelesche Premier eng Affär um Geriicht wéinst Bedruch a Beaflossung.
Ausserdeem huet den internationale Strofgeriichtshaff e Mandat d’arrêt géint den Netanjahu erlooss.
Wat sinn dem Trump seng Ziler ?
Op der anerer Säit gëtt den US-President ongedëlleg mat Israel, an den Netanjahu weess, dass en den USA eppes schëlleg ass, fir d’Militärhëllef géint den Iran. Den Trump hat e Sonndeg ewell an engem Interview betount, et géif een aktuell mat Israel u ville Saache schaffen, ënnert anerem un engem Ofkommes tëscht dem Iran an Israel, nodeems d’Atomanlage vum Iran vum US-Militär komplett vernicht gi wieren.
Ausserdeem wéilt hien d’Relatiounen tëscht Israel a Saudi-Arabien normaliséieren.
An der Vergaangenheet hat den US-President scho betount, hie wier um Friddensnobelpräis interesséiert an en hätt deen och verdéngt. Deemno kéint dat e weidere Punkt um Agenda sinn.
Nodeems den Trump virun e puer Méint aus der Gazasträif nach eng Riviera maache wollt, ënnersträicht hien elo, him léich d’Sécherheet vun der Populatioun um Häerz, déi hätt genuch misse matmaachen.