Méi wéi 80 Doudeger, Sich no Vermësste geet weider

© AFP
Nach ëmmer gi Persoune vermësst no der Katastroph um amerikaneschen Nationalfeierdag, an déi kéint och nach geféierlech gi fir d'Wäisst Haus zu Washington.
Zanter leschtem Freideg gëtt am US-Bundesstaat Texas weider no vermësste Persoune gesicht, déi vu staarken Iwwerschwemmunge mat ewech gespullt gi waren. Confirméiert si bis ewell 88 Doudesaffer, dorënner 27 Kanner mat hire Betreier aus engem Vakanzecamp. Méi wéi 300 Liter Reen pro Quadratmeter haten de Floss Guadalupe bannent 45 Minutten ëm 8 Meter klamme gedoen. Et war en Drëttel vun der järlecher Moyenne, déi normalerweis am Krees Kerr fält.
Entretemps gëtt weider no vermësste Persoune gesicht. 17 Helikopteren an Honnerte Leit vum Rettungspersonal sinn am Asaz. Et gëtt mat weideren Affer gerechent, grad esou wéi mat weidere Schaueren. D'Katastroph kéint och Auswierkungen hunn op d'Regierung Trump. Dem nationale Wiederdéngscht NWS no waren zanter Januar déi finanziell Mëttele gekierzt ginn, a bei der Klimaagence NOAA eng Rei wichteg Wëssenschaftler entlooss ginn. Am Texas kloen se, si hätten dowéinst net uerdentlech virun de grousse Quantitéite Waasser kënne gewarnt ginn.
Dem Donald Trump no wäerten déi entloosse Leit net erëm agestallt ginn, an iwwer seng Pläng, déi national Administratioun fir Katastropheschutz opzeléisen, kéint ee méi spéit schwätzen. Washington huet Sue bereet gestallt, fir an der betraffener Regioun ze hëllefen, an den US-President wäert warscheinlech am Laf vun der Woch an d'Géigend reesen, fir sech selwer e Bild ze maache vun der Situatioun.