Russland mellt Eruewerung vun Uertschaft a Regioun Dnipro

Ukrainesch Zaldote bei Donezk / © AFP
Et wier eng Première zanter Februar 2022: Moskau huet e Méindeg matgedeelt, d'Kontroll iwwer eng Uertschaft an der Regioun Dnipro iwwerholl ze hunn.
Dat zu engem Zäitpunkt, un deem déi diplomatesch Gespréicher tëscht Russland an der Ukrain an enger Sakgaass sinn. Sollt Kiew d'russesch Eruewerung confirméieren, wär dëst e weidere symbolesche Réckschlag fir d'ukrainesch Arméi.
Datchnoïe "befreit"
Mat honnerten Dronen a Rakéiten hätt Russland d'Ukrain op en Neits ugegraff. Op d'mannst véier Mënsche wieren dobäi ëm d'Liewe komm, e puer Dose blesséiert ginn. D'russesch Arméi, déi Ufank Juni eng staark Offensiv an der Regioun ugekënnegt hat, schwätzt vun enger "Befreiung" vun der Uertschaft Datchnoïe. Op engem Video vum Militär kann ee russesch Zaldoten am Duerf gesinn. Datchnoïe läit eng 70 Kilometer westlech vun der Groussstad Donezk ewech, déi scho méi laang ënner russescher Kontroll ass.
Kiew huet d'Eruewerung bis ewell net confirméiert. Allerdéngs hat den État-major vum ukrainesche Militär éischter e Méindeg verséchert, datt hir Truppen e Sonndeg russesch Attacken "an der Ëmgéigend" vun Datchnoïe "zréckgeschloen" hätten. Schonn e Sonndeg selwer haten d'ukrainesch Unitéite behaapt, weiderhin "d'Kontroll" iwwer d'Duerf ze hunn. Och hei gouf et e Video, op deem eegenen Aussoen no den ukrainesche Fändel iwwert engem Gebai zu Datchnoïe ze gesinn ass. "Mir sinn hei a bereet, bis zum Schluss ze kämpfen! Mir wäerte keen eenzege Meter vun eisem Territoire opginn", huet d'Unitéit erkläert.
Nei "Pufferzon"?
E russesche Virmarsch an der Regioun Dnipro hätt strategesch Bedeitung op der Plaz, wärend déi diplomatesch Gespréicher iwwer en Enn vum Konflikt an d'Stocke geroden. Engem ukrainesche Militärexpert no kéint Russland probéieren, eng "Pufferzon" anzeriichten, fir d'ukrainesch Attacken un der Front an am Hannerland ze limitéieren. De fréiere Beroder vum ukrainesche Verdeedegungsministère huet der AFP géigeniwwer allerdéngs erkläert, datt d'Russen "net déi néideg Ressourcen hunn an och net wäerten hunn, fir séier virunzekommen".
De russesche President Putin hält iwwerdeem weiderhin u senge maximalistesche Fuerderunge fest, virun allem datt Kiew déi annektéiert ukrainesch Regiounen u Russland oftriede soll an d'Ukrain op e Bäitrëtt an d'Nato verzicht. Dës Konditioune si fir Kiew a seng westlech Alliéiert inakzeptabel. D'Ukrain fuerdert sengersäits, datt sech d'russesch Arméi komplett aus hirem Territoire zréckzitt, deen zu ronn 20% besat ass.
Russesche Minister hëlt sech kuerz no Entloossung d'Liewen
E puer Stonnen no senger Entloossung duerch de President Putin huet sech de fréiere russesche Verkéiersminister Roman Starowoit den Autoritéiten no d'Liewe geholl. Seng Läich wier mat enger Schossblessur a sengem Auto fonnt ginn, heescht et vum Ermëttlungskommitee e Méindeg. D'Haaptthees wier, datt et Suicide war.
De Starowoit war am Mee zejoert zum Verkéiersminister ernannt ginn. E Méindeg dunn huet de Kreml en Dekreet publizéiert, dee vum Putin ënnerschriwwe war an an deem bekannt gouf, datt de Starowoit als Verkéiersminister géing entlooss ginn. Eng Erklärung fir den iwwerraschende Schrëtt gouf et net. Neie Verkéiersminister gëtt dem Starowoit säi Stellvertrieder, den Andrej Nikitin.