Et ass net déi éischte Kéier, datt den aktuellen US-President vu senge Supporter fir dëse prestigiéise Präis virgeschloe gouf.

Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu huet den US-President Donald Trump fir de Friddensnobelpräis virgeschloen: "Hie schaaft grad, wärend mir hei schwätzen, Fridden an engem Land, enger Regioun no der anerer", esou den Netanjahu e Méindeg bei Owesiesse mam Donald Trump am Wäissen Haus. Den Netanjahu huet dem US-President e Schreiwes ginn, dat hien eegenen Aussoen no un de Kommitee fir den Nobelpräis geschéckt huet.

Am Laf vun de Jore war den Trump schonn e puer Mol vu senge Supporter fir de Friddensnobelpräis virgeschloe ginn. Hien huet och kee Geheimnis draus gemaach, wéi rosen hien et mécht, datt hien de Präis bis ewell nach net kritt huet, dat ënner anerem fir seng Vermëttlerroll am Konflikt tëscht Pakistan an Indien oder Serbien a Kosovo oder fir säin Asaz fir d'Abraham-Ofkommes, déi eng Normaliséierung vun de Bezéiungen tëscht Israel a verschiddenen arabesche Staaten als Zil huet.

Den US-President hat am Walkampf jo versprach, datt hien de Krich an der Ukrain direkt no senger Victoire géif op en Enn bréngen. Méi wéi fënnef Méint nodeems den Trump vereedegt gouf, leeft de Krich an der Ukrain an deen an der Gazasträif awer nach ëmmer.