D'Fra war amgaangen ee Video ze dréinen, wéi si vun dräi bis véier Täter déidlech ugeschoss gouf.

An der Nuecht op en Dënschdeg ass et zu Metz zu engem déidlechen Tëschefall komm. Eng jonk Fra gouf am Quartier Hauts-de-Vallières vun dräi bis véier Persounen ugeschoss, wéi si amgaange war, mat hirem Frënd e Video fir d'Sozial Medien ze dréinen.

Géint 2.30 Auer moies war d'Koppel nach séier an d'Spidol gefuer, wou d'Fra, déi am Joer 1994 gebuer gouf, dann awer un hiren uerge Blessuren am Broschtberäich gestuerwen ass. Hire Partner, deen um Bee getraff gouf, war net a Liewensgefor.

En Dënschdeg de Mëtteg wëll de Parquet vu Metz weider Detailer bekannt ginn.