De Pierre Krähenbühl, zanter 2024 Direkter vum Comité internationale de la Croix-Rouge (ICRC), kuckt besuergt op déi aktuell weltwäit Konflikter.

Am Gespréich mat RTL beschreift hien déi dramatesch Augmentatioun vu laangunhaalende Kricher, an déi domat verbonnen Erausfuerderunge fir d’humanitär Hëllef.

"Mir erliewen haut ronn 130 bewaffent Konflikter weltwäit", erkläert Krähenbühl. "Vill daueren zënter Joren – wéi an Israel, Kolumbien oder Afghanistan." Ursprénglech war humanitär Hëllef als kuerzfristegen Asaz geduecht. Haut ass et awer e Marathon, deen d’Organisatioun an d’Mataarbechter ënner groussen Drock setzt.

Besonnesch dramatesch ass d’Situatioun an der Gazasträif: Den ICRC bedreift hei e Feldspidol, dat deeglech honnerte Blesséierter versuergt. D’Ëmstänn sinn extrem geféierlech – zanter Oktober 2023 si ronn 400 Mataarbechter vun humanitären Organisatioune bei hiren Asätz ëm d’Liewe komm. "Dat sinn Zuelen, déi ech a menger 30-jäereger Karriär nach ni gesinn hunn", esou de Krähenbühl.

Trotz de Risike bleift d’Neutralitéit vum Roude Kräiz zentral: "Mir huele keng Partei, mee schütze Mënscheliewen." Nëmmen esou kritt een Zougang zu de Konfliktgebidder an et kéint een Hëllef leeschten.

Well déi finanziell Mëttele vum internationale Roude Kräiz iwwert déi lescht 4 Joer ëm quasi eng Milliard Euro op haut nach zwou Milliarden Euro Budget d'Joer gefall sinn, muss den ICRC seng Prioritéite nei definéieren. Israel-Gaza, Ukrain an Sudan hunn déi héchst Prioritéit, wärend aner Missioune reduzéiert ginn. Dat bréngt schwéier Entscheedunge mat sech, déi dozou féieren, datt vill Mënschen net kënnen ënnerstëtzt ginn.

Am Ofschloss ënnersträicht de Pierre Krähenbühl Lëtzebuerg als wichtege Partner: "Lëtzebuerg spillt eng féierend Roll bei der Fërderung vum humanitäre Vëlkerrecht, an ënnerstëtzt eis bei der Virbereedung op nei Krichsformen, wéi Cyberkrich an autonom Waffen."

Kuckt hei de kompletten Interview mam Pierre Krähenbühl: