Zejoert hat d'Europaparlament déi Zomme vum antëscht verstuerwene Jean-Marie Le Pen zeréckgefrot.

D'Famill Le Pen muss dem EU-Parlament 300.000 Euro zeréckbezuelen. Zu där Conclusioun ass den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg e Mëttwoch komm. Zejoert hat d'Europaparlament déi Zomme vum antëscht verstuerwene Jean-Marie Le Pen zeréckgefrot.

De Grënner a laangjärege Leader vum Front National (haut: Rassemblement National) soll zu senger Zäit als Europa-Deputéierte verschidden Depensen als administrativ Käschten uginn hunn, déi näischt mat senger Funktioun ze dinn haten. Dat am Zäitraum tëschent 2009 an 2018. Hien hätt déi Sue fir connectéiert Aueren, Wäifläschen oder Krawatten ausginn. Och Walcampagnë fir seng Partei wiere mat deene Gelder finanzéiert ginn.

Seng Famill, dorënner seng Duechter Marine Le Pen, war géint déi Demande vum Europa-Parlament a Recours gaangen. Den Europäesche Geriichtshaff gëtt dem Parlament um Enn awer Recht. D'Fraktiounscheffin vum rietse Rassemblement National ass iwwerdeems rezent selwer mat aacht Europadeputéierten an éischter Instanz verurteelt ginn, wéinst dem Verontreie vun EU-Gelder.