An d'Gebai vun der Galeria Kaufhof soll Liewen anzéien
D'Aarbechten um Gebai an der Fleischstrasse am Zentrum vun der Stad solle bis Ufank 2028 fäerdeg sinn.
Wien duerch Tréier trëppelt, deem fält op, dass aktuell eng ganz Partie Geschäfter eidel stinn. Wéi an alle Stied wier de Leerstand och zu Tréier e Problem, seet den Tréierer Buergermeeschter Wolfram Leibe. Am Verglach zu aneren däitsche Stied géing et der Stad awer nach gutt goen.
Ma eleng mat den Akafszentre Karstad an der Galeria Kaufhof zejoert, sinn eng ganz Partie Geschäfter an engems aus der Tréierer Bannestad verschwonnen. En neie Projet soll elo awer nees Liewen an dat grousst Gebai vun der Galeria Kaufhof an der Fleischstrasse bréngen. En Investor wäert hei knapp 70 Milliounen an en Ëmbau, vun dem och nach als Horten bekannte Gebai, investéieren. "D'Bannestad kann net just vun Handel liewen. Et brauch ee weider Strukturen. Dozou gehéieren Déngschtleeschtungen a Wunnen. Dofir wëlle mir hei eng Immobilie schafen, déi e puer Zwecker erfëllt", erkläert den Investisseur an Architekt Michael Maas.
Déi markant Fassad mat de sougenannten Horten-Kachele wäert verschwannen. Gréngflächen an Terrasse solle Plaz kréien. Do wou haut nach d’Rolltrapen an der Mëtt vum Bau sinn, soll d’Struktur opgebrach a Plaz gemaach gi fir e klenge Bannenhaff, duerch dee Liicht erakënnt. Op dräi Stäck kommen eng 156 Appartementswunnengen. An der Haaptsaach fir Studenten a Beruffsufänger. Et wéilt een dës bewosst mat 22 bis 40 Meterkaree kleng halen, fir dass se net kéinten a Luxuswunnengen ëmfunktionéiert ginn, huet den Investisseur op enger Pressekonferenz am Gebai selwer erkläert. Gemeinschaftsraim sollen da fir Convivialitéit suergen.
Um Rez-de-chaussée soll de Commerce awer nees erakommen, mee och e Gesondheetszenter mat Praxissen, deen och de Minus 1 a Beschlag wäert huelen. Hei kéinten dann ambulant Operatioune gemaach ginn an och Röntgen. Donieft wäerten ënnert dem Komplex 58 bis 75 Parkplazen hikommen. En Highlight soll op alle Fall eng Daachterrass ginn, déi net just fir d’Locatairë wäert sinn. En Deel dovunner soll och der Ëffentlechkeet zougänglech ginn.
Ofbildunge vum Projet nach net fir boer Mënz ze huelen
Wéi spéider de Projet am Detail wäert ausgesinn, kéint een den Ament awer nach net soen. Eng ganz Partie Saache stéingen nach net fest. Et gëtt domat gerechent, dass de Rez-de-chaussée mam Commerce Enn 2027 seng Diere kann opmaachen. D’Locatairë sollen da bis Ufank 2028 kënnen anzéien. Da soll och d’Daachterrass opgoen. Ma bis et esouwäit ass, soll d’Gebai awer net komplett eidel stoen. Fir e Flächebrand ze verhënneren, deen duerch Leerstand kéint entstoen, géing een d’Geschäftsfläch ënnen tësche-verlounen. Éischt Interessenten hätt ee schonn, sou de Michael Maas. Dës solle schonn am Hierscht anzéien.
Den Tréierer Buergermeeschter Wolfram Leibe freet sech elo schonn op de Projet an ass iwwerzeegt, dass dëst an déi richteg Richtung geet. "Mënschen, déi an der Stad liewen, kafen och do an. Déi, déi do wunnen, sinn och present", mengt hien. Natierlech kéint de Commerce elo net eleng vun den 160 Wunnenge liewen, déi een elo an der Bannestad schaaft, seet de Michael Maas. Den Handel bräicht och d’Ëmland, mee dat wier zu Tréier staark a géing gutt funktionéieren. Duerch eng interessant a lieweg Stad géingen d’Leit ugezu ginn. An dozou géingen och nach ëmmer d’Clienten aus Lëtzebuerg gehéieren, wéi de Ralf Britten, Stadtdezernent ënnersträicht. Ma d’Konkurrenz duerch d’Stad Lëtzebuerg wier fir Tréier déi lescht Joren och ëmmer méi grouss ginn.
An awer: Wien duerch d’Akafsstroosse vun Tréier trëppelt, héiert ëmmer nach vill Lëtzebuergesch. Besonnesch Visiteuren aus der Grenzregioun wieren heefeg. Suergen, dass d’Clienten aus dem Grand-Duché ausbleiwen, mécht ee sech dofir net. An och net doriwwer, dass keng Geschäfter méi an den Zentrum wéilte kommen. "Et gëtt jo Bedarf. Hei hu mer eng riseg Fläch. An et gëtt Nofro, fir dës nees fir den Eenzelhandel ze verlounen", betount de Buergermeeschter a verweist op de rezente Projet. Eenzelhandel, Dokteschpraxissen a Wunnengen, alles kéim ënnert een Dach. "Dat ass dat zukünftegt Konzept", esou de Wolfram Leibe.