Geriicht a Florida huet den Autobauer Tesla verurteelt

De Konzern muss elo 243 Milliounen Dollar bezuelen, huet awer ewell annnoncéiert, an Appell ze goen.
Hannergrond ass en Accident aus dem Joer 2019, bei deem e Mann mat ageschaltem Autopilot mat iwwer 100 Stonnekilometer iwwert eng Kräizung gefuer, an dann an e geparkten Auto gerannt war. Dobäi ass eng Fra an deem Auto gestuerwen, hire Frënd gouf schwéier blesséiert.
Den Affekot vun der Affersäit huet argumentéiert, Tesla hätt den Autopilot nëmme fir Schnellstroossen entwéckelt, ma bewosst drop verzicht, d’Chaufferen drun ze hënneren, den Assistenz-System och op anere Plazen ze benotzen.
A fréiere Prozesser ëm Accidenter mam Autopilot war Tesla sech mat den Affer eens ginn. De Konzern mécht an dësem Fall de Chauffer responsabel, deen hätt de Fouss um Gas gehat an wärenddeem no sengem Handy gesicht.