Den neie Modell fir Waffeliwwerungen un d'Ukrain hëlt Form un, ma eng chineesesch Decisioun kéint fir Probleemer bei der Ënnerstëtzung suergen.

Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte an den US-President Donald Trump hate sech am Juli op en neie Modell fir Waffeliwwerungen un d'Ukrain gëeenegt. Dëse gesäit vir, dass aner NATO-Memberen amerikanesch Waffe kënne kafen, fir dës un d'Ukrain ze liwweren. Wéi den däitschen Noriichte-Sender "ntv" mellt, wier elo an deem Kontext e gemeinsame Kont bei der NATO ageriicht ginn. Op dëse kéinten d'Membere fräiwëlleg Suen abezuelen, mat deenen dann US-Waffe solle kaf ginn. Wéi et vun enger Quell heesche géing, déi mam Modell vertraut wier, sollen d'Alliéiert an enger éischter Phas zesummen zéng Milliarden Dollar op dee Kont abezuelen.

Allerdéngs kéint eng Decisioun vun der chineesescher Regierung et an Zukunft méi schwéier maachen, iwwerhaapt un amerikanesch Waffen ze kommen. Peking hält nämlech den Export vu Mineralien, déi fir d'Waffeproduktioun gebraucht ginn, u westlech Rëschtungsbetriber weiderhin zeréck. D'US-Regierung huet zwar bei bilateralen Negociatioune mat China am Juli eng Partie Zougeständnesser erausgeschloen - ënner anerem exportéiert Peking zanterdeem nees Seelen Äerden -, ma beim Export vu Mineralien, déi fir d'Hierstellung vu Waffe gebraucht ginn, zéckt China den Ament nach. Wéi "ntv" schreift, hätt e Produzent vu Stécker, déi an Drone verbaut ginn, an deen den US-Militär beliwwert, annoncéiert, dass een eng geplangte Liwwerung ëm zwee Méint misst no hanne réckelen, well ee Schwieregkeeten hätt, u Magnéiter ze kommen, déi ee fir d'Produktioun bräicht.