E Freidegowend huet et an der Moschee-Kathedral an der spuenescher Stad Córdoba gebrannt. Vill Leit hate schonn Angscht, d'Gebai géing zerstéiert ginn.

Nom Brand an der weltbekannter Moschee-Kathedral an der südspuenescher Stad Córdoba huet de Buergermeeschter Josée Mará Bellido matgedeelt, datt et zwar "erhieflech Schied" géing ginn, dës awer "lokal begrenzt" wieren. E Samschdeg de Mëtteg war d'Bauwierk, dat zum Unesco-Weltkulturierwe gehéiert, nees wéi gewinnt fir Visiteuren op, nëmmen e klenge Beräich war nach ofgespaart.

Spuenesche Medien no ass d'Feier e Freideg den Owend duerch eng Botzmaschinn ausgeléist ginn, déi a Brand gerode war. Op Videoen an de sozialen Netzwierker ware Flamen a riseg Dampwolleken ze gesinn. D'Feier hat um Internet d'Angscht ausgeléist, datt d'Moschee-Kathedral wéi d'Kathedral Notre-Dame zu Paräis bal ganz zerstéiert kéint ginn.

Kuerz no Mëtternuecht hat de Buergermeeschter vu Córdoba awer matgedeelt, datt de Brand geläscht wier. E Samschdeg de Mëtteg huet hie sech d'Bauwierk ugekuckt a gemellt: "Et gi Schied, erhieflech Schied, mä se si ganz, ganz lokal begrenzt."

D'Moschee-Kathedral vu Córdoba zielt zu de beléiftste Bauwierker a Spuenien. Zejoer goufe ronn zwou Millioune Visiteure gezielt. D'Gebai mat enger prächteger Bannenarchitektur gouf am 8. Joerhonnert no der Eruewerung vu Südspuenien duerch d'Araber op der Plaz vun enger fréierer Basilika gebaut. Nodeems de kathoulesche Kinnek Ferdinand III. Córdoba zréckeruewert hat, gouf d'Moschee am 13. Joerhonnert zu enger Kathedral ëmgewidmet. Dofir gouf e gotescht Kiercheschëff an d'Gebai agebaut.

Sëllegen ursprénglech Elementer vun der Moschee - wéi e Bësch aus Sailen an Houfeise-Béi - goufen erhalen, esou datt sech am Gebai op eng eenzegaarteg Manéier islamesch a chrëschtlech Architektur verbannen.