De Premierminister vun Armenien an de President vun Aserbaidjan hunn am Wäissen Haus eng Friddenserklärung ënnerschriwwen.

Den armenesche Regierungschef Nikol Paschinjan huet e Freideg déi gemeinsam Erklärung vun de Kaukasusstaaten, déi zanter Joerzéngte verfeint sinn, als "historesch" bezeechent. D'Nato, d'Tierkei an Däitschland hunn d'Erklärung als e "wichtege Schrëtt" begréisst. D'Nopeschland Iran huet allerdéngs virun "auslännescher Interventioun" gewarnt.

Bei hirem Treffen a Presenz vum Donald Trump hu sech de Paschinjan an den aserbaidjanesche Staatschef Ilham Alijew dorop gëeenegt, hire joerzéngtelaange Konflikt dauerhaft bäizeleeën. "Armenien an Aserbaidjan verflichte sech, all Kämpf ze stoppen, den Handel, de Reesverkéier an déi diplomatesch Relatiounen nees opzehuelen an d'Souveränitéit an territorial Integritéit vum jeeweils aneren ze respektéieren", sot den US-President.

"Mir schafen haut Fridden am Kaukasus", sot den Alijew. Wärenddeem huet hien ugebueden, zesumme mam Paschinjan den US-President beim Kommitee fir de Friddensnobelpräis ze proposéieren. "Wien, wann net de President Trump, huet de Friddensnobelpräis verdéngt?", sot den Alijew am Wäissen Haus. De Paschinjan huet him Recht ginn a sot, datt den "Duerchbroch" ouni den Trump net méiglech gewiescht wier.