Am Oktober sollen d'Memoirë vum Virginia Giuffre, ee fréiert Affer vum Epstein, posthum verëffentlecht ginn.

D'Autobiografie mam Titel Nobody's Girl: A Memoir of Surviving Abuse and Fighting for Justice vum Virginia Giuffre, déi sech am Abrëll dëst Joer am Alter vun 41 Joer d'Liewe geholl huet, gëtt den 21. Oktober verëffentlecht, wéi e Méindeg op der Websäit vum Verlag Penguin Random House ze liese war. D'Giuffre hat dem US-Millionär Jeffrey Epstein virgeworf, si als Sexsklavin mëssbraucht an als Mannerjäregt un de brittesche Prënz Andrew weidergereecht ze hunn, deen si och mëssbraucht hätt.

De Verlag huet d'Memoiren als "onbaarmhäerzegen an decisive Bericht" iwwer d'Zäit vum Virginia Giuffre mam Jeffrey Epstein a Ghislaine Maxwell beschriwwen. D’Maxwell gouf als Komplizin vun engem Sexhandelsring verurteelt a sëtzt aktuell eng Prisongsstrof vun 20 Joer of.

Hirem Verlag no beschreift d’Giuffre de sexuelle Mëssbrauch, deem si als Jugendlech ausgesat war, hir Flucht virum Epstein a Maxwell am Alter vun 19 Joer, an hir spéider Beméiungen, "net nëmmen hir Täter zur Rechenschaft ze zéien, mee sech och fir aner Affer anzesetzen."

D'Buch gëtt vum Verlag als "remarkabel Bestätegung vum Giuffre sengem Wëllen, deen net ze brieche war" beschriwwen. Ee Wëllen, "sech aus der Roll vum Affer ze befreien a fir Mëssstänn ze beliichten, mat dem Zil, eng méi sécher a gerecht Welt ze schafen." Penguin Random House no huet Giuffre d'Memoiren an de Jore virun hirem Doud geschriwwen. D’Virginia Giuffre huet och däitlech erkläert, "dass d’Memoirë publizéiert solle ginn."

D’Giuffre war eng Schlësselfigur am Mëssbrauchsskandal ronderëm den US-Investor Epstein, deen iwwer Jore fir Schlagzeile gesuergt huet. Den Epstein, dee schonn 2008 wéinst Sexualverbrieche verurteelt gouf, ass am August 2019 no enger neier Festnam dout a senger Prisongszell zu New York fonnt ginn. D'Autoritéiten hunn uginn, dass de Multimillionär a Finanzinvestor Suizid begaangen huet.

D’Giuffre hat dem brittesche Prënz Andrew virgeworf, si am Alter vun 17 Joer sexuell mëssbraucht ze hunn. Hiren Aussoen no hat si hien iwwert den Epstein kennegeléiert, dee vill Kontakter an der US-amerikanescher a weltwäiter High Society hat – dorënner den Ex-US-President Bill Clinton, den aktuellen President Donald Trump an de Microsoft-Grënner Bill Gates.

D’Maxwell, eng laangjäreg Vertrauenspersoun vum Epstein a gutt Bekannt vum Prënz Andrew gouf Enn Dezember 2021 vun enger Jury zu New York wéinst Sexhandel schëlleg gesprach. Der Uklo no hat si iwwer Jore systematesch Mannerjäreger fir de Multimillionär Epstein rekrutéiert, déi vun him sexuell mëssbraucht goufen. Si krut eng Prisongsstrof vun 20 Joer.

De Rechtssträit tëscht dem Virginia Giuffre an dem Prënz Andrew gouf 2022 aussergeriichtlech bäigeluecht. Een Accord ass nom Bezuele vun enger Entschiedegung duerch e Bundesgeriicht zu New York confirméiert ginn. D'Héicht vum Accord gouf net verëffentlecht, mee Medien hate vun enger Zomm a Milliounenhéicht geschriwwen. Doduerch konnt de Prënz Andrew net nëmmen enger strofrechtlecher Poursuite, mee och engem Zivilprozess mat ville kritesche Froen entgoen.

An der Lescht war den aktuellen US-President Trump am Zesummenhang mam Epstein-Fall an d'Kritik geroden, well seng Regierung net wéi ugekënnegt Transparenz an de Skandal bruecht huet.