Wéi d'WHO mellt, koum et zu enger gréisserer Attack op eng Maternité am Sudan bei där op d'mannst 460 Leit ëmbruecht goufen.

Wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) mellt sinn am Sudan bei engem Ugrëff op eng Maternité méi wéi 460 Mënschen ëm d'Liewe komm. D'Attack huet an der kierzlech vun der RSF-Miliz eruewerter Stad Al-Faschir stattfonnt.

Am Saudi Maternity Hospital an der Groussstad wiere "Patientinnen an hir Begleeder" ëmbruecht ginn, huet de Chef vun der WHO, den Tedros Adhanom Ghebreyesus, matgedeelt. D'WHO wier "entsat an déif schockéiert" iwwert den Ugrëff.

D'sudaneesesch Regierung ënnert dem Militärherrscher Fattah al-Burhan huet de Kämpfer vun der RSF virgeheit, zu Al-Faschir Moscheeën an d'Rout Kräiz beschoss ze hunn. Schonn en Dënschdeg haten am Sudan pro-demokratesch Aktivisten der RSF virgeworf, an där selwechter Klinik Blesséierter ëmbruecht ze hunn, déi grad behandelt goufen.

Déi sougenannte "Rapid Support Forces", kuerz RSF, haten d'Stad Al-Faschir am Weste vum Sudan e Sonnden ageholl. E Méindeg huet den al-Burhan de Réckzuch vu senger Arméi aus der Stad bestätegt. D'Afrikanesch Unioun (AU) huet duerno viru "Krichsverbriechen an ethnesch motivéierte Morde" gewarnt.

D'sudaneesesch Arméi geheit der RSF-Miliz d'Exekutioun vu méi wéi 2.000 Ziviliste vir. Zeien, déi aus der Stad geflücht sinn, hu géintiwwer der Noriichtenagence AFP vun "Zeene vun engem Genozid" zu Al-Faschir geschwat.

Zënter dem Abrëll 2023 kämpfen am Sudan d'Arméi vum Militärherrscher al-Burhan géint d'RSF-Miliz vu sengem fréiere Stellvertrieder Mohamed Hamdan Daglo. Zanterdeem si bei de Kämpf zéngdausende Mënschen ëm d'Liewe komm, ronn 12 Millioune Leit hu mussen aus hiren Heemechtsregioune flüchten.

Am nordostafrikanesche Land herrscht aktuell no Aschätzunge vun der UNO déi schwéierst humanitär Kris weltwäit.