En Äerdbiewe vun der Stäerkt 6,0 huet an der Nuecht op e Méindeg d'Regioun ronderëm d'Stad Jalalabad bei der pakistanescher Grenz getraff.

Éischten Informatioune vun der staatlecher Noriichtenagence Bachtar no waren op d'mannst 250 Doudesaffer gemellt ginn. Wéi spéider matgedeelt gouf, ass d'Zuel vun den Doudege antëscht op op d'mannst 800 geklommen. Méi wéi 2.800 Mënsche sollen donieft blesséiert gi sinn.

Well d'Biewen an enger ofgeleeëner Biergregioun geschitt ass, wier et schwéier, genee Informatiounen iwwert d'Zuel vun den Doudegen a Blesséierten an och zu den entstanene Schied ze sammelen, sou de Spriecher vum afghanesche Gesondheetsministère Sharafat Zaman. Am stäerkste betraff ass d'Provënz Kunar.

Zanter dem éischte Biewe sollen et op d'mannst fënnef staark Nobiewe gi sinn, mat Stäerkten tëscht 4,5 bis 5,2. Rettungsekippe goufen an déi betraffe Regioun geschéckt, fir de Leit ze hëllefen.

D'iranesch Regierung huet nom Biewen eng séier Ënnerstëtzung fir d'Nopeschland an Aussiicht gestallt. Teheran wier bereet, bei den Hëllefs- a Rettungsmoossnamen an e betraffene Gebidder direkt ze hëllefen.

Rout Kräiz rifft zu Donen op

Wéi et vum Lëtzebuerger roude Kräiz heescht, hätt d'Ekippe vum rouden Hallefmound op der Plaz opgeruff, fir Donen ze spenden. Fir si ze ënnerstëtzen, sammelt d'Rout Kräiz Donen, fir de Leit am Afghanistan ënnert d'Äerm ze gräifen.