Ehec-Ausbroch a Mecklenburg-Vorpommern

© AFP Symbolbild
Beim enterohämorrhagesche Escherichia coli, kuerz Ehec, handelt et sech ëm ee Keim am Daarm.
A Mecklenburg-Vorpommern ass een ewell méi gehäit mam Ehec-Kéng. Antëscht zielt een do schonn 31 Infektiounen. Wéi d'Landesamt für Gesundheit und Soziales zu Rostock mellt, gouf et virun allem vill Fäll bei méi klenge Kanner. 12 vun de Betraffene ware vun engem hämolytesch-urämesche Syndrom (HUS) betraff, deen zu Niereversoen an neurologesche Stéierunge féiere kann. 19 Patienten hu missen an engem Spidol behandelt ginn, dorënner hunn der och e puer missen op d'Intensivstatioun.
D'Ursaach vum Keim ass bis ewell nach onkloer. E konkret Liewensmëttel konnt nach net als Quell ausgemaach ginn. Am Hibléck op d'Krankheetsfäll, déi sech dann awer lo heefen a sech virun allem kleng Kanner ugestach hunn, schwätzt d'Landesamt a Mecklenburg-Vorpommern dann elo vun engem "Ausbroch".
No Ënnersichunge vu sëllege Prouwe géif et éischt Hiweiser op e méiglechen Ausbroch vun engem bestëmmte Stamm ausgoen. D'Gesondheetsinstitutiounen an de Robert-Koch-Institut (RKI) si lo bei der Sich no der Infektiounsquell mat agebonne ginn.
Ehec-Fäll kënnen u sech d'ganz Joer iwwer optrieden an dat a sämtleche Bevëlkerungsgruppen. Meeschtens verleeft et wéi eng kuerzfristeg Erkrankung mat Duerchfall, déi och duerch aner, dacks besser bekannten Erreeger wéi Noro- oder Rotaviren, Salmonellen- oder Campylobacter-Bakterien, ausgeléist kënne ginn. Beim Ehec kann et awer zu Komplikatioune komme wéi Niereversoen, wat awer wéi gesot an de meeschte Fäll kleng Kanner betrëfft.
An Däitschland gouf et 2011 e méi schroen Ehec-Ausbroch mat e puer dausend deels schwéier kranke Persounen an iwwer 50 Doudegen. Deemools hat sech de Virus a Geméissprossen ausgebreet.