Lisa Cook gewënnt viru Geriicht géint Donald Trump

© AFP
De republikanesche President huet eng weider Néierlag viru Geriicht missten astiechen.
Dës Néierlag viru Geriicht koum am Sträit iwwert d'Entloossung vun enger vun de Gouverneurinne vun der US-Noutebank FED. Eng Riichterin huet provisoresch d'Entloossung vun der Lisa Cook wéinst engem bis ewell net bewisenen Hypothéiksbedruch op Äis gelooss.
Am August hat den US-President jo matgedeelt, datt d'Cook mat effet immédiat aus hirem Amt entlooss géif ginn. An engem Bréif un d'Ökonomin huet hie seng Decisioun domadder begrënnt, datt et genuch Grënn géif ginn, fir unzehuelen, datt si an engem oder méi Verträg fir Hypothéike falsch Saachen uginn huet. D'Cook hat dorops annoncéiert, fir rechtlech Schrëtt anzeleeden. Si huet argumentéiert, datt de President si guer net entloosse kéint. D'Virwërf huet si ofgestridden.