Mord aus Angscht, seng Affär kéint opfléien?

© Steil TV
Den Tréierer Parquet huet e Mëttwoch e Mann aus dem Norde vum Saarland wéinst Mord ugeklot.
Den deemools 34 Joer ale Mann kritt reprochéiert, an den Owesstonne vum 4. Juni eng 28 Joer al Fra op engem Parking laanscht eng Landstrooss bei der Uertschaft Hermeskeil, eng Stonn hannert der Lëtzebuerger Grenz, mat enger Pistoul erschoss ze hunn.
Dem Parquet no haten den Accuséierten an d'Affer eng geheim Relatioun, déi de Mann deen Dag wollt iwwer Telefon opléisen. Wéi den Trierischer Volksfreund mellt, wier de Mann bestuet an hätt ee klengt Kand. D'Affer hätt d'Relatioun wëllen ëffentlech maachen. Mam Virwand, doriwwer schwätzen ze wëllen, hätt de presuméierten Täter déi jonk Fra mam Auto op dee Parking bruecht. Do soll hie wärend dem Gespréich ouni Virwarnung op d'Fra geschoss hunn. Si gouf déidlech getraff.
De Parquet vun Tréier hält d'Thees fir plausibel, datt d'Angscht virum Opfléie vun der Affär dem Täter säi Motiv kéint gewiescht sinn.
Den Dag drop war den haut Ugeklote verhaft ginn. Zanterhier sëtzt hien an Untersuchungshaft. D'Landesgeriicht Tréier muss elo decidéieren, ob et d'Uklo akzeptéiert, präziséiert de Parquet vun Tréier. En Datum fir de Prozess gëtt et deemno nach net.