An der Nuecht op e Mëttwoch huet déi polnesch Arméi ronn eng Dose russesch Dronen iwwert dem polnesche Loftraum ofgeschoss.

De polnesche Premier Donald Tusk nennt déi ronn eng Dose russesch Dronen, déi Polen am eegene Loftraum ofgeschoss huet, "eng grouss Provokatioun". E puer Kampfjette vun der polnescher Militär-Aviatioun haten d'Dronen, déi wuel fir Ziler an der Ukrain geduecht waren, ofgefaangen an zerstéiert. D'Stad Lviv, déi och viséiert war, läit jo just eng 80 Kilometer vun der polnescher Grenz ewech.

Nach an der Nuecht gouf de Loftraum fir verschidden Deeler a Polen esou wéi véier Fluchhäfen am Land, dorënner deen zu Warschau, gespaart. Dëse Schratt gouf am Laf vum Moien awer nees opgehuewen. Déi polnesch Arméi schwätzt vun enger "Violatioun vum Loftraum", deen donieft eng konkret Gefor fir d'Zivilpopulatioun duergestallt huet.

De polnesche Premier Donald Tusk huet séier reagéiert an direkt fir e Mëttwoch de Moien eng Krisesëtzung aberuff, bei där d'Minister fir d'Defense a Sécherheet dobäi waren. De polnesche Verdeedegungsminister Władysław Kosiniak-Kamysz huet dowéinst seng Visitt a Groussbritannien, wou hie sech mat sengem Homolog sollt treffen, virzäiteg ofgebrach.

Kiew selwer schwätzt hei vun enger "geziilter Provokatioun" géintiwwer Polen an der NATO. An der leschter Nuecht hat Russland nees 460 Dronen a Rakéiten a Richtung Ukrain geschoss. Den ukraineschen Ausseminister Andriy Sybiga huet betount, datt de russesche President Putin de Westen teste géif. "Eng schwaach Reaktioun wäert Russland nach méi provozéieren – da fléien d’Dronen nach méi wäit an Europa," huet hien op X geschriwwen.

Polen huet och d'NATO iwwer dëse Virfall informéiert. Et erwaart ee sech eng Erklärung aus Moskau.