Dosende vu Container sinn en Dënschdeg vun engem Cargoschëff an d'Mier vum Hafe vu Long Beach gefall.

Dësen Tëschefall huet dann dozou gefouert, datt verschidden Operatiounen op dësem risegen Hafen net méi konnten duerchgefouert ginn.

Op engem Video ass ze gesinn, wéi d'Container wéi Dominoe vum Schëff, wat a Portugal enregistréiert ass, einfach an d'Mier falen. Op Dronebiller ass ze gesinn, datt verschidde Container op enger Plattform oder engem Schëff leie bleiwen, op deem e Kran fixéiert ass.

Och wann aktuell nach net ganz kloer ass, wat an de Container gelagert war, esou heescht et vu Journalisten op der Plaz, datt si Schong a Kleeder gesinn hunn am Mier schwammen. Vun der amerikanescher Garde-Côtes heescht et, datt op d'mannst 67 Container en Dënschdeg de Moie géint 9 Auer Lokalzäit an d'Mier gefall sinn. Blesséierter hätt et keng ginn.

Weider confirméiert e Spriecher vum Hafen, datt dëse wéinst dem Tëschefall temporär huet missten zougemaach ginn, fir d'Container, déi an d'Waasser gefall sinn, kënnen ze sécheren. Den Hafe vu Long Beach ass ee vun den wichtegsten an den USA. Hei gi pro Joer Wueren am Wäert vun 300 Milliarden US-Dollar verschëfft.