Wéi den Industriekonzern an engem Communiqué matdeelt, ass den Heinrich Weiss e Méindeg am Alter vun 83 Joer gestuerwen.

Déi Lëtzebuerger Firma Paul Würth gehéiert dem SMS Group. Den Heinrich Weiss huet den SMS Group zanter 1974 developpéiert. Hie war zäitweis ënnert anerem och an de Verwaltungsréit vun der Däitscher Bunn a Bertelsmann a war och politesch aktiv.

Well hien net vun der ekonomescher Kompetenz vun der CDU iwwerzeegt war, war hien aus der Partei ausgetrueden. 2014 huet hie seng Sympathie fir d'AfD ëffentlech gemaach, och wann hien der Meenung war, dass d'Partei d'Rietspopuliste misst ausschléissen. 2015 huet hie sech nees vun der AfD distanzéiert.