"Politescht Signal" un Donald TrumpFrankräich a Kanada maache Konsulater a Grönland op

AFP, iwwersat vun RTL
Wéinst dem Konflikt ronderëm den Usproch vun den USA op Grönland hu Frankräich a Kanada Konsulater op der Arktisinsel opgemaach.
Vor dem Hintergrund des von US-Präsident Donald Trump bekundeten Anspruchs auf Grönland haben Frankreich und Kanada diplomatische Vertretungen auf der Arktisinsel eröffnet.
© AFP/Archiv

Nom Usproch vum US-President Trump op Grönland hu Frankräich a Kanada diplomatesch Vertriedungen op der Arktisinsel opgemaach. Déi kanadesch Ausseministesch Anita Anand huet e Freideg virun enger Delegatioun vun Indigeenen e Fändel um neie Konsulat an der Haaptstad Nuuk opgehaangen. “Dat ass fir eis als Land en immens wichtegen Dag, well mir eist Konsulat hei zu Nuuk, Grönland, opmaachen”, sot d’Ministesch.

Och de franséische Generalkonsul Jean-Noël Poirier ass e Freideg op der Insel, déi zu Dänemark gehéiert, ukomm. “Wann et eng Kris gëtt, dann organiséiere mir eis, fir present ze sinn”, sot de Poirier der Noriichtenagence AFP kuerz, éier hien a säin Amt getrueden ass. Seng wichtegst Aufgab wier et, d’Positioun vun de Grönlänner ze verstoen. Frankräich wier prett, déi Indigeen z’ënnerstëtzen, “wa si an déi dänesch Säit dat wëllen”.

De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot hat virdru betount, d’Ouverture vun engem Konsulat op der Insel wier e “politescht Signal, verbonne mam Wëllen, a Grönland méi staark present ze sinn”. Dee Schrëtt hätt de President Macron schonn de leschte Summer wärend senger Visitt a Grönland annoncéiert.

An och Kanada hat schonn 2024 annoncéiert, e Generalkonsulat op der Insel opzemaachen, laang virun der rezenter Kris, an där den Donald Trump zäitweis souguer mat militärescher Gewalt gedreet hat, fir d’Kontroll iwwer Grönland ze kréien.

D’Ouverture vun den diplomatesche Vertriedunge wier op alle Fall e Message un den Trump, “datt seng Aggressivitéit géigeniwwer Grönland an Dänemark net nëmmen eng Affär fir Grönland an Dänemark ass, mä och fir déi europäesch Alliéiert a fir Kanada”, sot den Ulrik Pram Gad, Artisspezialist vum däneschen Institut fir International Etüden.


Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO