
Wéinst engem US-amerikanesche Pëtrolsembargo muss Kuba drastesch Mesuren huele fir ze spueren. Déi ëffentlech Verwaltunge solle just nach vu méindes bis donneschdes opmaachen an Zuch- a Busverbindunge solle staark limitéiert ginn. Donieft wäert d’Vente vu Bensinn limitéiert ginn. Sou sollen d’Liewensfäegkeet an d’Grondversuergung vum Land assuréiert bleiwen, sot de Vizeregierungschef Oscar Pérez-Oliva Fraga op der staatlecher Tëlee. Weider Spuermesurë gesi verkierzte Schouldeeg a manner Präsenzen op den Universitéite vir. Och touristesch Ariichtunge sollen zou bleiwen, sou de Fraga weider.
Zanter Dezember kritt Kuba kee Pëtrol méi aus Venezuela, well Washington e komplette Blockage vun Tankschëffer Richtung Havanna ordonéiert hat. Den US-President hat gewarnt, “Havanna hätt besser, dréngend en Deal ofzeschléissen, éier et ze spéit wier.” Déi kubanesch Regierung hat doropshi vun engem “brutalen Akt vun Aggressioun” geschwat. Och Mexiko huet seng Liwwerungen op Kuba gestoppt, nodeems den Trump mat Stroftaxen gedreet hat.
Kuba stécht a senger schlëmmster Wirtschaftskris zanter dem Zesummebroch vun der Sowjetunioun. Zanter Enn 2024 ass et zu fënnef landeswäite Stroumausfäll komm, déi zum Deel e puer Deeg laang gedauert haten.