
“Degelass”, “grujeleg” a “rassistesch”, esou waren d’Reaktiounen, nodeems den US-President Trump en Donneschdeg den Owend e Video op senger Online-Plattform Truth Social iwwer säi Virgänger Barack Obama an deem seng Fra verëffentlecht huet. De Clip weist den Ex-US-President a seng Fra als Afen. Dat Wäisst Haus huet an enger Stellungnam vun enger “gespillter Opreegung” geschwat iwwert de Video.
Déi kuerz Zeen ass ganz um Wupp vum Video ze gesinn, dee ronn eng Minutt dauert. D’Käpp vum Michelle a Barack Obama sinn op d’Kierper vun Afe montéiert ginn. Si laachen an danzen dobäi virun enger Dschungel-Kuliss. Am Hannergrond ass d’Lidd “The Lion Sleeps Tonight” ze héieren. Et geet am Video ëm presuméiert Beweiser vu Manipulatioun bei de Presidentschaftswalen am Joer 2020, déi den Trump géint den Demokrat Joe Biden verluer hat. De Rietspopulist behaapt bis haut, dass him d’Walvictoire “geklaut” gouf.
De Gouverneur vum US-Bundesstaat Kalifornien an Trump-Kritiker Gavin Newsom huet dem Trump en “degelasst Behuele” reprochéiert. Hien huet all d’Politiker vum Trump senger Partei opgeruff, de Video ze verurteelen. Den Newsom gëllt iwwregens als méigleche Kandidat bei de Presidentiellen 2028.
“Den Donald Trump ass en eeklege, gestéierte a béise Batz”, sou den Demokrat Hakeem Jeffries um Onlinedéngscht X. “All Republikaner muss dem Donald Trump säin degelasse Fanatismus direkt verurteelen” fuerdert hien. An dat huet de republikanesche Senater Tim Scott, selwer ee Schwaarzen, gemaach: “Dat ass déi rassisteschst Saach, déi ech jee aus dem Wäissen Haus gesinn hunn”, huet hien op X geschriwwen, “den Trump muss fort”.
D’Porte-parole vum Wäissen Haus, d’Karoline Leavitt, huet d’Kritik zeréckgewisen an huet vun de Medie verlaangt: “Wgl. haalt op mat der gespillter Opreegung a mellt eppes, dat fir d’amerikanesch Ëffentlechkeet tatsächlech relevant ass.”
Nodeems d’Kritik ëmmer méi grouss gouf, ass de prekäre Clip op der Truth-Social-Plattform verschwonne respektiv e gouf geläscht.