Epstein-ArchivenD'Epstein-Revelatiounen an hir Konsequenzen

Serge Pauly
Virun enger Woch gouf an den USA e weideren Deel vun de sougenannten Epstein-Archive verëffentlecht. Wat si bis elo d'Konsequenzen a wéi sinn déi anzeschätzen?
Punkt-fir-Punkt: Epstein-Akten
Virun enger Woch gouf an den USA e weideren Deel vun de sougenannten Epstein-Archive verëffentlecht. Wat si bis elo d’Konsequenzen a wéi sinn déi anzeschätzen?

Dräi Millioune Schrëftstécker, 2.000 Videoen, 180.000 Fotoen. Haut virun enger Woch huet den US-Justizministère ee weideren Deel vun de sougenannten Epstein-Archive verëffentlecht, an zënterhier zitt dee Skandal weider Kreesser. All Dag komme weider Detailer un d’Ëffentlechkeet, gerode weider Politiker an aner Perséinlechkeeten, déi mam Sexualverbriecher Kontakt haten, an d’Schosslinn.

An éischter Linn goung et drëms, de Sex- a Prostitiounsreseau vum mëttlerweil verstuerwenen Investmentbanker Jeffrey Epstein opzedecken. An den aktuellen Dokumenter fënnt een dozou awer éischter manner Informatiounen. Et ass éischter e Sammelsurium u privaten Echangen, déi beleeën, dass gewësse Perséinlechkeete ganz enk mam Epstein waren, a Geschäfter mat him gemaach hunn, wou scho laang kloer war, dass en deelweis mannerjäreg Fraen zur Prostitutioun gezwongen huet.

Aktiv a fréier Politiker gerode grad wéi vill Perséinlechkeeten ëmmer méi ënnert Drock. A Groussbritannien huet sech de Labour-Politiker Peter Mandelson Ufank vun der Woch aus der Politik missten zeréckzéien. A Frankräich steet de fréiere Kulturminister Jack Lang an der Kritik. An Norwegen gëtt géint de fréiere Regierungschef Thorbjørn Jagland enquêtéiert. An den USA mussen d’Clintons virum Kongress aussoen an och de Bill Gates muss sech justifiéieren.

Vun der norwegesch Krounprinzessin Mette-Marit ass elo gewosst, dass si net nëmmen d’Hochzäit vum deemolegen Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie 2012 zimmlech langweileg fonnt huet, mee dass si esou en enke Kontakt mam Epstein gefleegt huet, dass vill Norweger sech froen, op si de moralesche Bagage huet, fir iwwerhaapt Kinnigin ze ginn.

Dem Donald Trump par contre schéinen déi aktuell Revelatiounen net ze schueden. Dat wërft d’Fro op, ob d’Archive virun hirer Verëffentlechung gebotzt goufen? Egal wéi, weist den US-President elo mam Fanger op de politesche Géigner: den Epstein wier net säin, mee den Demokraten hire Problem.

Back to Top
CIM LOGO