Grouss Ëmfro am Kader vum RTL Readers' ChoiceWou kritt een zu Lëtzebuerg déi bescht Fueskichelcher?

David Winter
Egal ob Sushi, Burger oder Pasta. Jiddereen huet seng eege Meenung, wann et drëms geet, wou ee sech am beschten zu Lëtzebuerg kulinaresch verwinne léisst.
© RTL

Op Liichtmëssdag, also den 2. Februar, huet zu Lëtzebuerg dëst Joer d’Fueszäit ugefaangen. Dat heescht fir d’Fans vun dëser Zäit virun allem sech verkleeden, op Fester goen a feieren. Kulinaresch gesi kënne sech awer och Leit freeën, déi net onbedéngt a Feierlaun sinn, dofir awer gären emol eppes Séisses iessen.

D’Fueskichelcher, oder Verwurrelter, gehéieren zënter laangem zu enger fester Traditioun am Grand-Duché. Texter aus dem fréien 20. Joerhonnert beleeën, dass dës séiss a beléifte Bak-Traditioun wäit iwwer 100 Joer al ass a bis haut bei de meeschte Leit immens beléift ass.

Et war also just eng Fro vun der Zäit, wéini de Fueskichelchen et och eng Kéier bei eis an der Readers’ Choice packt.

Loosst eis onbedéngt Är Meenung wëssen a katapultéiert Är Favoritte-Plaz un d’Spëtzt vun eiser aktueller “Fueskichelchen-Editioun” vum RTL-Readers’ Choice!

Maacht elo bei eiser Ëmfro mat, all Stëmm zielt!

Verrot eis, wou Dir am léifsten är Fueskichelcher auswäerts iesse gitt! Maacht drënner bei eisem Vott mat, Är Meenung ass nees onbedéngt gefrot! De Gewënner gëtt natierlech, wie vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Readers’ Choice-Auszeechnung fir déi bescht Fueskichelcher zu Lëtzebuerg freeën.

All d’Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.

Back to Top
CIM LOGO