
1949 hunn d’Vereenten Natiounen d’Hëllefswierk UNRWA gegrënnt, fir sech nom éischten arabesch-israeelesche-Krich ëm déi palestinensesch Flüchtlingen ze këmmeren. Spéitstens zanter der Terrorattack vun der Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 ass d’Relatioun tëscht der UNRWA an Israel op engem Nullpunkt ukomm.
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet wärend der Pressekonferenz ënnerstrach, datt d’Situatioun vun den Zivilisten an der Gaza-Sträif ouni d’Aarbecht vun der UNRWA nach vill méi katastrophal wéi souwisou scho wier. Dowéinst géing de Grand-Duché d’Hëllefswierk och weider ënnerstëtzen. D’Reproche vun Deeler vun der israeelescher Politik, datt d’UNRWA un der Terrorattack vum 7. Oktober 2023 an iergendenger Form bedeelegt gewiescht wier, géingen einfach net stëmmen.
Et géing zwar net alles perfekt lafen, mee wa Problemer identifizéiert wieren, géing dru geschafft ginn, se ze behiewen.
“J’ai eu moi-même — et je tiens aussi à le souligner, parce qu’au Luxembourg cela a aussi été repris par la presse — quand j’étais à la bande de Gaza, il y avait des livres, il y avait des critiques, et l’UNRWA a accepté les critiques. Et ensemble, on a regardé comment, parce que pour moi l’UNRWA doit être irréprochable, et le travail a été fait aussi de la part de l’UNRWA pour vraiment être irréprochable. Et le rapport Colonna est quelque chose, un rapport, qui montre aussi là où il y a des lacunes, comment pouvoir les relever.”
De Philippe Lazzarini, Generalkommissär vun der UNRWA, huet d’Virgoe vun Israel géint d’Hëllefswierk schaarf kritiséiert. An deene leschten zwee Joer wiere méi wéi 380 Mataarbechter ëmbruecht ginn an och d’Ofrappe vum UNRWA-Siège zu Ost-Jerusalem duerch Israel wier net akzeptabel. Wat d’Situatioun an der Gaza-Sträif ugeet, huet hien een zimmlech däischtert Bild gemoolt.
“On parle d’un cessez-le-feu, mais c’est un cessez-le-feu qui n’a que le nom de cessez-le-feu. C’est un cessez-le-feu parce qu’on décide de parler d’un cessez-le-feu. Mais depuis le cessez-le-feu, il y a eu de multiples violations. Chaque jour, il y a des gens qui sont tués, plus de 500 depuis le cessez-le-feu, parmi eux plus de 100 enfants.”
Mat déi wichtegst Aufgab vun der UNRWA géing doranner bestoen, de palestinensesche Kanner nees den Zougank zu Bildung ze erméiglechen. Anescht géing ee riskéieren, datt een eng ganz Generatioun verléiert an neien Extremismus entsteet.