
Nom déidleche Gewaltverbriechen un engem Teenager vu 14 Joer zu Dormagen an Nordrhein-Westfalen hunn d’Police an de Parquet ee Verdächtegen ermëttelt. Et handelt sech ëm e Kand, sou d’Police vun Neuss e Freideg. Zu de konkreten Ëmstänn vun der grujeleger Dot hunn d’Ermëttler keng Aussoe gemaach. D’Affer war virun annerhallwer Woch bei engem Séi am Ausgang vum Uert entdeckt ginn. Dormagen läit tëscht Köln an Düsseldorf.
Wéi et aus Eermëttlerkreesser heescht, handelt et sech beim Verdächtegen, dee lo gestallt gouf, ëm e Kand vu grad emol 12 Joer. Hien huet déi däitsch Nationalitéit. Bis elo ginn et nach keng Hiweiser op e rassistescht Motiv. D’Doudesaffer ass e Jong vu 14 Joer aus Eritrea, deen zanter 2018 mat senger Mamm do an engem Flüchtlingsheem gelieft huet. Weider Detailer goufen net genannt, et gouf op den nach jonke Alter vum Verdächtege verwisen, deen ënner Perséinlechkeets- a Jugendschutz steet.
Leit, déi beim Séi spadséiere waren, haten d’Läich vum Yosef den 28. Januar am Nomëtteg fonnt. En Obduktioun huet erginn, dass de Jong brutal erstach gouf. Sëllege Stéch- a Schnëttverletzunge goufe festgestallt, sou de Parquet. De Jonke soll och versicht hunn, sech ze wieren. Dat hu Wonnen un den Hänn gewisen, huet et vun der Geriichtsmedezin geheescht. D’Ermëttler hu vun enger reegelrechter “Hiriichtung” geschwat.
De Parquet hat kuerz Zäit méi spéit eng Belounung fir déi entscheedend Hiweiser am Fall vun am Ganzen 10.000 Euro an Aussicht gestallt.
E Freideg war eng ëffentlech Trauerfeier an der Stad organiséiert ginn. Gutt 2.000 Leit ware present an hunn Undeel geholl nom grausamen Doud vum Yosef. Hien ass an d’stättesch Schoul gaangen a war gutt integréiert. Hie war och am lokale Futtballveräin aktiv. D’Bäisetzung war no der Trauerzeremonie vu ronn enger Stonn am klenge Krees.
De Buergermeeschter vun Dormagen, den Erik Lierenfeld (SPD), huet sech immens schockéiert gewisen, nodeems erauskoum, dass et sech beim presuméierten Täter ëm en 12 Joer jonkt Kand soll handelen. Hie kéint dat bal net gleewen: “Dass wuel e Mannerjäregen dës Dot begaangen huet, ass natierlech eppes, wat ëmsou méi traureg mécht a wat engem d’Blutt an den Oderen gefréiere léisst.”
Als “Kand” ginn, wéi d’däitsch Rechtslag et virschreift, sämtlech Persounen ënner 14 Joer bezeechent. Strofrechtlech traitéiert, gëtt een an engem Alter vu 14 Joer un.