No "massive" russeschen AttackenWäit Deeler vun der Ukrain ouni Stroum

AFP, iwwersat vun RTL
E grouss ugeluechten Ugrëff vun der russescher Arméi op d'Energieinfrastrukturen huet zu grousse Stroumausfäll gefouert. D'USA drängen iwwerdeems op e séiere Friddensaccord.
Net just zu Kiew hu se aktuell kee Stroum
Net just zu Kiew hu se aktuell kee Stroum
© DANYLO ANTONIUK/Anadolu via AFP

Dem staatleche Netzbedreiwer an der Ukrain no huet déi russesch Arméi mat enger “massiver Attack” grouss Schied un hirem Reseau verursaacht. E Samschdeg de Moie wiere wäit Deeler vun der Ukrain ouni Stroum gewiescht, sou de Bedreiwer Ukrenergo op de Soziale Medien. Well den Ugrëff nach net eriwwer wier, géif d’Sécherheetlag et nach net zouloossen, mat de Reparaturaarbechten unzefänken.

Trotz de rezente Verhandlungen iwwert en Enn vum Krich attackéiert dat russescht Militär zanter Méint déi ukrainesch Energieinfrastrukturen. Op ville Plazen am Land wier d’Versuergung zesummegebrach, sou datt Honnertdausende Mënsche bei Temperaturen ëm -20°C ouni Stroum an Heizung wieren. No de leschte Gespréicher zu Abu Dhabi haten all Säite vu Fortschrëtter geschwat, zu engem Duerchbroch wier bei de Verhandlungen awer net komm. En Austausch vu Gefaangenen war zustane komm an d’Ukënnegung, weider Gespréicher wëllen ze féieren.

Walen am Fréijoer?

Déi US-amerikanesch Delegatioun mécht entretemps méi Drock, fir zu engem Resultat ze kommen. Zil wier en Accord am Mäerz, suivéiert vun engem Referendum a Walen am Mee, hunn Insider behaapt. De Sonner-Emissär Steve Witkoff an dem Trump säin Eedem Jared Kushner wëllen, datt sech begannt gëtt, well den US-President sech wéinst de Kongresswalen am November geschwë méi op seng innepolitesch Theme misst konzentréieren. Dem Donald Trump no wiere “ganz, ganz gutt Gespréicher” geféiert ginn, an “et kéint eppes passéieren”, ouni awer ze preziséieren, wat dat kéint sinn.

Iwwerdeems huet Polen gemellt, dass Fligeren am Asaz si fir hire Loftraum ze schützen. Dëse wier am Südoste vum Land gespaart wéinst “net geplangte militäreschen Aktivitéiten”. De Fluchhafe Lublin wier wéinst engem Asaz vun NATO-Fligeren an deem Gebitt net erreechbar.

Nei Gespréicher zu Washington?

Déi nächst Renconter tëscht de russeschen, ukraineschen an US-amerikaneschen Delegatioune soll, warscheinlech, am Laf vun der nächster Woch wuel zu Miami ofgehale ginn, huet de Wolodymyr Selenskyj um Samschdeg annoncéiert. Hien hätt dëser Propos zougestëmmt, géif awer keng Léisungen akzeptéieren, déi iwwert “hire Kapp ewech an ouni si” getraff gi wieren. Washington wéilt en Enn vum Krich bis Ufank vum Summer, bis Juni erreechen, sou den ukrainesche President weider.

Back to Top
CIM LOGO