Op d'mannst 4 Doudeger an 90 Blesséierter a Mexiko
A Mexiko koum et zu engem grujelegen Accident mat engem Camion, dee Gas transportéiert huet.
50.000 Liter Gas hat d'Gefier gelueden, wéi et op enger Bréck am Quartier Iztapalapa am Oste vu Mexiko-Stad aus nach onbekannte Grënn accidentéiert ass. Bei der uschléissender Explosioun sinn op d'mannst 3 Persounen ëmkomm, 67 goufen deels schro verwonnt. D'Zuel vun den Affer sollt nach klammen op 4 Doudeger a ronn 90 Blesséierter.
Op Biller op der mexikanescher Tëlee an de soziale Medien ass ze gesinn, wéi mat der Explosioun grouss Flamen an d'Luucht ginn. Eng 30 Gefierer goufe beschiedegt oder hu selwer Feier gefaangen. D'Biller weisen och Mënchen, déi aus hiren Autoe sprangen a selwer a Brand stinn.

© AFP
A Mexiko-Stad geschéien dacks schro Verkéiersaccidenter. E Méindeg eréischt koume bei engem Zesummestouss tëscht engem Doppeldeckerbus mat engem Zuch 10 Persounen ëm d'Liewen.