Camione voller Schläich, Dieseltanken a Booter um Séi vu Mirgenbach. Wat maachen, wann all d'Noutfallsystemer ausfalen?

Déi nuklear Katastroph vum 11. Mäerz 2011 a Japan ass am Gediechtnes bliwwen an huet dozou gefouert, dass d’Atomkraaftwierker sech besser virun externen Aflëss schützen a sech besser ekipéiere wëllen, fir dass d’Waasserversuergung an de Stroum am Krisefall bestoe bleiwen.
 
Vu méindes bis donneschdes waren d’Spezialekippe ronderëm d’Atomzentral vu Cattenom ënnerwee. Déi Übung gëtt all 3-4 Joer duerchgefouert. Den Zenario: "En Äerdbiewe vu grousser Envergure, wäit iwwer dem historesch stäerksten (regionalen) Äerdbiewen an der Géigend vu Clierf", dat erkläert den Direkter vun der Atomzentral Jerôme le Saint.
 
En Extremfall, deen all d’Rettungsmesuren ausser Kraaft setze géif an esouguer d’Noutfallmesuren, déi no Fukushima agefouert goufen. Dozou gehéiert eng "Stuermsécherung", déi d’Anlag virun engem Tornado schütze soll, oder och nach Noutstroum-Dieselgeneratoren.

De gréissten Enjeu am Katastrophefall ass d’Kille vum Reakterkär. "Fir en Austrëtt vu radioaktivem Material ze verhënneren, muss de Brennstoff permanent gekillt ginn, fir dass en net schmëlzt", erkläert de Jerôme le Saint.

Esouguer wann ee wéinst eventuellen Äerdbieweschied net méi an d’Atomkraaftwierk erakéim, géifen d’Force d’Action Rapide Nucléaire (FARN) et erméiglechen, "Waasser a Stroum fir de ganzen Noutfallekippement vum Kraaftwierk ze liwweren", verséchert den Olivier le Roux, Direkter vun der Krisencellule vu FARN. Sou kann d’Waasser am Becke permanent gekillt ginn.
 
FARN besteet aus 300 speziell ausgebilte Fachleit an der Radioaktivitéit. Donieft huet den Interventiounsgrupp 45 Camionen, 5 Laaschtebooter, 18 4x4, Helikopteren an eng Flott vu ferngesteierte Roboteren. Déi éischt Ekippe kéinten am Eeschtfall bannent 12 Stonnen op der Plaz sinn, de ganzen Dispositif bannent 24 Stonnen.
 
Fir d’Simulatioun dës Woch ware 75 Membere vu FARN op der Plaz, grad wéi eng Partie vum Material. En Deel vun der Ekipp üübt um Mirgenbach-Séi den Transport vum Ersatzpersonal an dem Material. De Séi fungéiert hei als Obstakel fir d’Erreeche vum Kraaftwierk. D’Ekippe mussen och capabel sinn, op d'Plaz ze kommen, wann zum Beispill d’Stroossen net méi befuerbar wieren. D’Haaptzil vun der Übung ass d’Koordinatioun tëscht den Ekippe vum Kraaftwierk, der FARN an de Pompjeeën, grad wéi d’Krisenorganisatioun ze testen.