Klëmmt de Mieresspigel bedéngt duerch de Klimawandel wäerte bis 2050 Haiser a Liewensgrondlage vun iwwer enger Millioun Leit an Australien a Gefor sinn.

Och d'Zuel vun den Doudegen duerch d'Hëtzt wäert staark klammen, sou d'australesch Regierung an enger Klima-Analys, déi e Méindeg presentéiert gouf. D'global Erwiermung bréngt "kaskadenaarteg kumuléierend Auswierkunge fir d'27-Milliounen-Awunner-Land mat sech".

"Mir erliewen de Klimawandel elo", sou den australesche Klimaminister Chris Bowen. Et géif sech hei "net méi ëm eng Prognos oder eng Prophezeiung" handelen. De Klimawandel wier eng "lieweg Realitéit" an et wier och scho laang "ze spéit, fir d'Auswierkungen ofzehalen".

Dee vun onofhängegen Experten opgesate Bericht weist, dass bis 2050 viraussiichtlech 1,5 Millioune Bewunner laanscht d'Küst an Australien wäerte betraff sinn, wann de Mieresspigel klëmmt. De Schued, deen dobäi entstoe wäert - Verloscht vu Besëtz, Miwwelen etc - wäert sech op 611 Milliarden australesch Dollar chiffréieren (ëmgerechent 346 Milliounen Euro). Bis 2090 wier deemno scho mat ronn 3 Millioune betraffene Mënschen an engem Schued vun 770 Milliarden australesch Dollar ze rechnen.

Weider warnt de Bericht, dass déi global Duerchschnëttstemperatur ëm 3 Grad am Verglach zum virindustriellen Zäitalter zu Sydney wäert klammen. Domat besteet och e grousse Risk, dass sech d'Zuel vu den hëtztbedéngten Doudesfäll méi wéi verfënneffache wäert.

Ma net just d'Mënsche sinn a Gefor, déi eenzegaarteg Déierewelt geréit duerch d'Erwiermung och ëmmer méi ënner Drock.