Pläng vun der aktueller Regierung, sech selwer Immunitéit an dem Ex-President Amnestie ze garantéieren, stoussen der Populatioun sauer op.

A méi wéi enger Dose Stied sinn d'Leit op d'Stroosse gaangen. Zu Sao Paulo an zu Rio de Janeiro wieren et jeeweils méi wéi 40.000 gewiescht, fir "géint dëse Kongress ze protestéieren, deen aus korrupten a kriminelle Mënsche besteet, déi sech als Politiker ausginn an e Gesetz duerchsetze wëllen, dat si selwer schützt", sou eng Porte-parole vun enger Ëmweltorganisatioun.

Erweidert Immunitéit fir Deputéierter an eng méiglech Amnestie fir de rietsextremen Ex-President Jair Bolsonaro stinn am Zentrum vun zwee Gesetzer, déi d'lescht Woch vum Ënnerhaus gestëmmt gi sinn. Sou soll et den Deputéierten an Zukunft méiglech sinn, an enger geheimer Ofstëmmung gréng Luucht kënnen ze gi fir eng Uklo oder eng Verhaftung vu Membere vum Parlament. Donieft ass eng Amnestie virgesi ginn fir d'Supporter vum Jair Bolsonaro, déi 2023 d'Parlament gestiermt haten an dowéinst verurteelt gi waren. Den Expresident kéint och selwer dovu profitéieren. Hie war viru knapp zwou Woche wéinst Putschpläng zu 27 Joer Prisong verurteelt ginn.

Béid Gesetzer mussen awer nach vum Senat ofgeseent ginn. Den aktuelle brasilianesche President Lula huet schonn ugekënnegt, dat geplangten Amnestiegesetz mat sengem Veto wëllen ze blockéieren. Hie géif op der Säit vun den Demonstrante stoen.