Et gëtt erwaart, dass e Méindeg weider Natiounen en eegestännege Staat Palästina unerkenne wäerten, dorënner Lëtzebuerg.

Palästinenser-Staat Q&A

Am Virfeld vum generellen Debat vun der UN-Vollversammlung kënnt et zu New York (21 Auer lëtz. Zäit) zu engem Sommet, bei deem et ëm eng Zwee-Staate-Léisung am Noost-Konflikt goe wäert. No Groussbritannien, Kanada an Australien huet och Portugal d'Unerkennung vu Palästina als Staat deklaréiert. Et wier den eenzege Wee zu engem stabille Fridden an der Regioun, esou de portugiseschen Ausseminister Paulo Rangel. Gläichzäiteg huet hien d'Terrorattacke vun der Hamas de 7. Oktober 2023 verurteelt an d'Existenzrecht vun Israel ënnerstrach.

E Méindeg wëlle weider Länner hir offiziell Unerkennung vun engem Palästinenserstaat deklaréieren, dorënner Frankräich a warscheinlech och d'Belsch, Andorra, Malta, San Marino a Lëtzebuerg. Däitschland dogéint plangt "kuerzfristeg" kee sou e Schratt.

D'Reaktiounen aus der Regioun

D'Hamas hunn d'Unerkennung vun engem Staat Palästina gelueft a ruffen d'Weltgemeinschaft dozou op, Israel z'isoléieren. Déi formal Unerkennung vun engem eegestännege Staat wier e wichtegen a noutwennege Schratt a Richtung vun engem gerechte Fridden, am Aklang mam Vëlkerrecht.

Israel gesäit iwwerdeems seng Existenz a Gefor. De Premier Benjamin Netanjahu wäert réischt no sengem Retour vun der Rees an d'USA op d'Unerkennung vun engem palästinensesche Staat duerch aner Länner reagéieren. "Et wäert kee sou e Staat westlech vum Jordan ginn", huet hie wësse gedoen. "D'Äntwert op de jéngste Versuch, eis en Terrorstaat matten an eisem Land opzezwéngen, wäert ech no menger Rees ginn", esou den israeelesche Regierungschef.