D'Regioun preparéiert sech op de Super-Taifun "Ragasa"

© John Dimain / AFP
Sëllege Schoulen an Administratioune bleiwen zou, Zéngdausende vu Leit goufen evakuéiert an Honnerte Vollen annuléiert.
Wéinst dem Taifun "Ragasa", deen an hir Richtung ënnerwee ass, sinn am Norde vun de Philippinnen méi wéi 10.000 Leit, aus Sécherheetsgrënn, evakuéiert ginn. Lokal Wandspëtzte bis 265km/h wiere scho gemooss ginn, sou dass fir déi ofgeleeë Bauyan-Inselen déi héchste Warnung ausgeruff ginn ass. An der Haaptstad Manila, grad esou wéi an 29 weidere Provënzen, bleiwe Schoulen an Administratiounen zou.
Och an Taiwan gëtt sech op d'Arrivée vum Wierbelstuerm preparéiert. An der Regioun Hualien am Oste vum Land goufe bal 1.800 Stéit virsiichtshallwer evakuéiert. Jee nodeem wéi de Wierbelstuerm sech entwéckelt, kann déi Zuel nach klammen. E lokale Stauséi dréit elo schonn iwwerzelafen.
Et gëtt erwaart, dass den Taifun och China treffe wäert. De Fluchhafe vun Hongkong huet scho matgedeelt, dass e warscheinlech fir 36 Stonne wäert zoubleiwen. D'Airline Cathay Pacific huet d'Annulatioun vun engen 500 Vollen annoncéiert.
Super-Taifune gehéieren zu de stäerksten a geféierlechsten Tropestierm. D'Philippinne ginn all Joer vu ronn 20 Taifune getraff.