Den Trounwiessel intresséiert wäit iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg eraus
Eng 400 Journalisten hu sech ugemellt an d'Biller gi weltwäit ugebueden.
E Freideg, fir d'Evenement u sech, e Samschdeg, wann den neie Grand-Duc Guillaume a fënnef Stied iwwer Land empfaange gëtt, an och e Sonndeg beim Te Deum soll näischt dem Zoufall iwwerlooss sinn. E Mëttwoch de Mëtteg hunn zum Beispill d'Presseservicer vun der Regierung, der Maison du Grand-Duc, der Stad Lëtzebuerg an der Police jiddwer Etappe vun der Zeremonie vum Trounwiessel Revue passéiere gelooss. Jiddwer Detail zielt, et geet drëms, déi 400 Journalisten, Fotografen, Kameraleit iwwer de Weekend ze begleeden.
"All grouss Agence ass vertrueden, wat eis natierlech och freet. Dat weist, dat Bild, wat mer hunn no baussen, datt do en Interêt ass aus dem Ausland. An dann hu mer och ganz vill People Press deen Dag als Beispill elo Bild, Bunte, Gala, Point de vue, dat heescht do ass och natierlech en Interêt, deen do ass", sou d’Stefanie Simonelli vum Service information et presse SIP.
RTL: 22 Stonne Live-Emissiounen op der Televisioun
D’Regierung huet RTL a BCE als Host Broadcaster engagéiert. D’Biller vun den Evenementer am Kader vum Trounwiessel ginn op déi Manéier weltwäit zur Verfügung gestallt. Eng fir Lëtzebuerg aussergewéinlech Televisiounsproduktioun, wou déi dräi Deeg eng 187 Kameraleit an Techniker am Asaz sinn.
"Ech géif scho soen, dat ass eng vun deene gréisste Produktioune mat 137 Kameraen dëst Joer an Europa. Et gëtt eigentlech näischt Vergläichbares, well et och e speziellen Evenement ass", sou de Produktiounschef Hostbroadcaster Laurent Schiltz.
Sechs Iwwerdroungsween suergen derfir, datt d'Biller weltwäit diffuséiert kënne ginn. Dobäi kënnt dann nach d'Technik, déi RTL fir hir eege Produktioune mobiliséiert.
"Normal si mer an de Studioen. Mir hunn dës Kéier decidéiert, dobaussen ze sinn. Dat heescht, mir hunn hei virum Palais e grousst Containerduerf opgeriicht, wou mer eis Studioen dran hunn. Wou dann awer och vum Service information et presse d'Fotografen dra sinn, eis Traduction gestuelle an esou weider. Dat heescht, mir si wierklech mol eng Kéier ganz dobaussen. Et ass och zanter laangem eng Première. Mir maachen de Journal och mol eng Kéier vu baussen", sou den Tom Weber, Techneschen Direkter vun RTL.
Am ganze wäert RTL vun e Freideg bis e Sonndeg den Trounwiessel 22 Stonne live iwwerdroen. Freidesmoies vun 9.30 Auer un. Mat enger Marathon-Sendung e Samschdeg vun 12 Auer mëttes bis Hallefnuecht. An e Sonndeg de Moie vun 10.30 Auer un.