Wann emol d’Bank oder Luxtrust urifft, soll een op Zäit spillen. Ënnert anerem dat réit den Direkter vun der Banquiersassociatioun ABBL.

Den Jerry Grbic huet am RTL-Interview nach emol Erklärunge ginn, ewéi digital Payementer funktionéieren, wat d’Banke maachen, fir sech an hir Clienten ze protegéieren a wat d’Affer vun enger Fraude solle maachen.
 
De Facteur Zäit wier kruzial. Wann ee Web-, Online- oder E-Banking mécht oder Payementer mécht, soll ee sech Zäit huelen, esou den Jerry Grbic. Ëmsou méi Zäit soll ee sech ginn, wann ee mol en Uruff vun der Bank oder Luxtrust kritt, oder ebe Leit, déi sech als dës ausginn. "Well meeschtens kontaktéiert de Kriminellen iech Owes, Freidesowes oder esouguer Weekends. E probéiert, eng Stresscoulisse opzebauen, datt der dat séier maacht."

Den Direkter vum Bankeverband seet déi richteg Reaktioun wier: Näischt wier esou dréngend, datt et direkt misst gemaach ginn an et kéint ee beispillsweis iwwert d’Messagerie am Webbanking Kontakt mat senger Bank ophuelen a sécher sinn, datt ee mat hir a Verbindung ass, an net mat Gauner.

Fält een trotzdeem op den Trick eran an t’mécht een ongewollt e traditionelle Virement, da kéint een deen nach selwer am Webbanking réckgängeg maachen, wat bei de "Virements instantanés" net geet. Dës nei Funktioun hätten d’Banken net gefrot, mee d’EU hätt déi per Direktiv virgesinn. Se sinn zanter dem 7. Januar dëst Joer operationell - an dësem Artikel ginn et méi Erklärungen dozou.
 
Ob Virement instantané oder traditionnel : wann d’Sue bis ofgebucht sinn an ee sech sécher ass, datt et eng Fraude ass, kéint een oder soll een direkt den 491010 uruffen a säi Luxtrust späre loossen. Worldline kann net just engem seng Kaart, déi ee verluer oder geklaut krut, spären, mee och den digitalen Identifizéierungsoutil Luxtrust. Parallel dozou soll een an den nächste Bürosstonnen seng Bank kontaktéieren a wann et sech erausstellt, datt et tatsächlech eng Fraude war, eng Plainte bei der Police maachen.
 
Fir d’Suen zeréckzefuerderen, hätt een dem Gesetz no 13 Méint Zäit. A wann een dat mécht, probéiert d’Bank och, d’Suen zeréckzekréien. Mee den Jerry Grbic warnt, datt de Risiko "ganz grouss" wier, datt een d’Suen net zeréckkritt, well déi Kriminell gutt organiséiert wieren an d’Sue séier weider transferéieren oder a Cryptowärungen konvertéiere géingen.

Méi a méi en individuelle Profil vum Client als Schutz

De Bankevertrieder erkläert nach emol, firwat a sengen Aen d’Banke bei den aktuelle Frauden net responsabel wieren. Am Géigesaz zu engem Bankiwwerfäll à l’ancienne, wou d’Bank fir d’Sécherheet responsabel ass an dem Client säi Geld verséchert ass, géingen d’Krimineller am neien digitalen Alter d’Schwaachstell am System ausspillen: de Client seng Donnéeë fänken oder en op e falsche Site lackelen.
 
Den Jerry Grbic verdeedegt seng Membere weider: "Banken hu Systemer, déi permanent verbessert ginn." Et kéimen Alerten, esouguer bei klenge Payementer, wann d’Suen an e Land ginn, dat net normal ass fir d’Aktivitéite vum Client. Hie versprécht, datt "all Client méi a méi en individuelle Profil de risque kréien, wat seng Payementer ubelaangt."
 
Déi Frauden, déi et an der Lescht gouf, dorobber huet d’ABBL selwer scho virun annerhallwem Joer drop higewisen. De Problem wier, datt déi Kriminell hir Methode fir d’Leit eranzeleeën "ganz séier" géingen upassen an d’Donnéeë vun hiren Affer am Virfeld ganz professionell sammelen. D’Aussoe vum Bankevertrieder deiten drop hin, datt d’Banken an d’Autoritéiten der Kreativitéit vun de Kriminellen ëmmer nees hannendru lafen.
 
Wéi gesot: d’Leit sollen also op allen Niveaue ganz "vigilent" sinn. D’Banke géinge permanent d’Cyberkriminalitéit bekämpfen. Mee och d’Politik wier gefuerdert, esou de Jerry Grbic, deen awer net sot ewéi.