Weider Fluchausfäll zu München wéinst Dronenalarm

© Photo by Michaela STACHE / AFP
Den zweeten Owend hannerteneen ass zu München de Fluchtrafic wéinst Dronenalarm iwwert dem Fluchhafen gestoppt ginn.
Eng 6.500 Leit ware vun dësem Tëschefall betraff a vill vun hinnen hunn d'Nuecht um Fluchhafe misse verbréngen. München ass no Frankfurt den zweetgréissten Airport bei eisen Noperen.
Der Police no hätt een Dronen souwuel op der Nord- wéi der Südbunn kuerz virun 23 Auer e Freideg den Owend gesinn. Si wieren direkt nees verschwonnen, nach ier se konnten identifizéiert ginn. Et bleift fir den Ament nach onkloer, ob de Fluchhafen zu München e Samschdeg de Moien normal opgoe kann oder net.
U sech war geplangt, datt de Fluchtrafic um 5 Auer nees sollt opgeholl ginn, dat war awer net de Fall. Am Laf vum Moie koum dunn d'Meldung, datt dat Fligere vu 7 Auer un nees lues a lues kéinte starten a landen. Vun engem Spriecher vum Fluchhafen heescht et nach weider, datt awer de ganzen Dag iwwer mat Verspéidunge muss gerechent ginn.
Och de Fluch vun der Lufthansa vun 9.50 Auer vu Lëtzebuerg op München ass vum Tëschefall betraff. Wéi et um Site vu Lux Airport steet, ass dësen ofgesot ginn, dat wuel, well d'Maschinn de Moien net vu München an de Grand-Duché konnt fléien. D'Volle vun der Luxair um 11.10 Auer a vun der Lufthansa um 20.10 Auer sinn awer aktuell nach "geplangt".
Änlech Virfäll mat Drone gouf et jo rezent zu Oslo a Kopenhagen. Et bleift onkloer, wien hannert den Dronen stécht, mä d'Tatsaach ass, d'Veronsécherung ass bei der ugespaanter Weltlag ganz grouss fir de Moment.
Bayresch Politiker virop de Ministerpresident Markus Söder fuerderen, d'Drone misse kënnen direkt ofgeschoss ginn. Experte gesinn dat méi kritesch.