Rietspopulist Andrej Babis strieft eng Minoritéitsregierung un

© AFP
Seng Partei ANO, déi bis ewell an der Oppositioun war, kënnt op 34,6% vun de Stëmmen. Dat si bal 7,5 Prozentpunkte méi wéi 2021.
Hien ass géint de Green Deal, Waffeliwwerungen fir d'Ukrain an den europäesche Migratiounspak an huet d'Parlamentswalen an Tschechien gëscht gewonnen. De Rietspopulist a Milliardär Andrej Babis strieft eng Minoritéitsregierung am Land un, déi vun zwou méi klenge Parteien toleréiert soll ginn, dat sot den 71 Joer ale Politiker gëscht Owend zu Prag. Den tschechesche President Petr Pavel fänkt haut mat senge Konsultatiounen vun de Parteicheffen un. Als éischt ass de Babis invitéiert.
Den Andrej Babis stoung scho vun 2017 bis 2021 un der Spëtzt vun der tschechescher Regierung. Politesch gesi steet de gebiertege Slowak dem Regierungschef aus der Slowakei Robert Fico an dem ungaresche Premier Victor Orban no. Observateure ginn dovunner aus, datt seng Walvictoire déi geopolitesch Positioun vum Land bestëmme wäert.