Japan kéint fir eng éischte Kéier eng Fra un d'Regierungsspëtzt kréien

© AFP
D'Sanae Takaichi ass vun der regéierender Liberaldemokratescher Partei (LDP) zur neier Presidentin gewielt ginn.
An enger Stéchwal huet sech déi 64 Joer al Politikerin géint hire Kontrahent Shinjiro Koizumi duerchgesat. D'Sanae Takaichi léist domat de Regierungschef Shigeru Ishiba of, deen Ufank September zeréckgetruede war. Si steet domat och kuerz virdrun, déi alleréischt Regierungscheffin a Japan ze ginn.
"Gemeinsam mat esou ville vun iech hu mir eng nei Ära fir d'LDP agelaut", sou d'Takaichi e Samschdeg nom Vott an der LDP-Parteizentral zu Tokio, bei deem just Deputéiert a Membere vun der LDP matgemaach haten.
D'LDP ass déi stäerkste Kraaft am japanesche Parlament. si ass zanter Joerzéngten onënnerbrach un der Spëtzt. Allerdéngs verléiert d'Partei ëmmer méi u Réckhalt a fir eng Regierungsmajoritéit ass de sohier op aner Parteien ugewisen. Zulescht hate méi kleng Parteien, dorënner d'migratiounsfeindlech Sanseito, weider un Zoustëmmung kritt. Sanseito bezeechent Awanderer als "lues Invasioun", déi fir "lecherous Mëssstänn verantwortlech" wieren.
Et gëtt erwaart, dass d'Parlament d'Takaichi nach dëse Mount als nei Ministerpresidentin confirméiert. Et wier dee fënnefte Wiessel un der Regierungsspëtzt bannent fënnef Joer.