Lecornu stellt neie Premier bis e Freideg an Aussiicht

© AFP
De franséische President Emmanuel Macron kéint an den nächsten 48 Stonnen en neie Premier nominéieren.
Dovu geet op alle Fall den demissionäre Premier Sébastien Lecornu aus. Deen huet zanter zwee Deeg eng leschte Kéier probéiert, déi aktuell Situatioun ze deblockéieren. Gesicht gëtt et e Kompromëss, fir de Budget 2026 an eng nei Organisatioun vun der Regierung. Dem Sébastien Lecornu no wier déi eenzeg méiglech Optioun, eng Regierung, an där kee perséinlech Ambitioune fir déi nächst Presidentiellen 2027 huet. Ee vun de Knackpunkten an där ganzer Diskussioun ass d'Pensiounsreform, déi 2023 decidéiert gouf.
De rietspopulistesche Rassemblement National huet iwwerdeems schonn annoncéiert, all nächst Regierung wëllen ze refuséieren. An hiren Ae sinn Neiwalen déi eenzeg viabel Solutioun fir déi aktuell Situatioun ze deblockéieren. D'Majoritéit vun deenen anere Parteie wëll d'Parlament den Ament allerdéngs net opléisen.