E Mëttwoch gouf deen drëtten Nobelpräis fir dëst Joer verdeelt.

D'Auszeechnung an der Chimie geet un de Susumu Kitagawa, de Richard Robson an den Omar Yaghi. Wéi déi kinneklech-schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften erkläert huet, géifen déi dräi fir d'Entwécklung vun de sougenannte "Metal-Organic-Frameworks" geéiert.

Den Nobelpräis an der Chimie gouf dëst Joer fir déi 117. Kéier verdeelt.