An engem Weiderbildungszentrum zu Paderborn ass eng Schülerin duerch eng Messerattack liewensgeféierlech blesséiert ginn.

Aktuell géif si noutoperéiert ginn, esou d'Police vu Bielefeld. E 25 Joer ale Verdächtege  huet sech no enger kuerzer Flucht selwer gestallt. Hie gouf festgeholl. Éischten Informatiounen no ass hie selwer an der Schoul fir Erwuessener.

"D'Hannergrënn vun der Dot sinn aktuell nach onkloer an Deel vun den lafenden Ermëttlungen", heescht et vun der Police. D'Attack op d'Schülerin war géint 13.15 Auer an der Sportshal vun der Schoul. De Verdächtegen ass dono fortgelaf. Den Alter vun der Fra gouf bis ewell nach net public gemaach.

Wärend der Sich nom Ugräifer, huet sech de Verdächtege selwer bei der Police gemellt a gouf eng 45 Minutten no der Dot ronn ee Kilometer vun der Schoul, an der Géigend vun engem Séi, festgeholl.

Der Police no gouf et e Groussasaz am Schoulgebai, et wier awer keen anere Mënsch a Gefor gewiescht.